Radioen

On air

Notturno  |  My Morning Jacket - Touch Me I'm Going To Scream, Pt. 1

play_arrow Live
arrow_back_ios

article

article

/ "De Fräisproch war logesch"

Prozess géint den Tun Tonnar

"De Fräisproch war logesch"

Datt den Tun Tonnar mam Argument vun der kënschtlerescher Fräiheet fräigesprach ginn ass, verwonnert de Frank Wies net. Dräi Persounen, ënner anerem de Fred Keup an de Joé Thein, hu sech duerch eenzel Passagen am Lidd "Féck Lëtzebuerg" ugegraff gefillt a geklot. Et wier awer keng Intentioun ze beleidegen do gewiescht, seet de Jurist Frank Wies.

auto_stories

3 min

De Jurist Frank Wies kann d'Decisioun vum Geriicht novollzéien. Foto: Archiv

Här Wies, wéi stuuft Dir d'Uerteel vum Geriicht am Fall Tun Tonnar an?

D'Decisioun vum Fräisproch ass logesch, wann een d'Rechtsspriechung vum Europäesche Mënscherechtsgeriichtshaff vu Stroossbuerg ukuckt, wat fräi Meenungsäusserung ugeet. Am Uerteel selwer gëtt Bezuch geholl op eben déi Rechtsspriechung an et gëtt gesot, datt de Rap gläichzestellen ass mat Satir. Déi Äusserunge kënnen zwar vulgär sinn, mee et gëtt op Leit Bezuch geholl, déi an der Ëffentlechkeet stinn oder d'Ëffentlechkeet sichen. Dofir huet et missten zum Fräisproch kommen, well keng Intentioun do war fir ze beleidegen. Dat ass eigentlech de Kritär, op deen d'Geriicht sech bezunn huet.

D'Geriicht huet sech dobäi och op e Präzedenzfall hei zu Lëtzebuerg bezunn.

D'Geriicht huet en Arrêt vun 2004 zitéiert iwwer d'Méiglechkeete vun der Satir, well si de Rap mat der Satir gläichgestallt hunn. An dësem Arrêt vun 2004 ass et ëm de Feierkrop gaangen. D'Zeitung hat dem Me Gaston Vogel e Spëtznumm ginn, deen him net gefall huet an hien huet dogéint geklot. Deemools gouf festgehalen, datt d'Satir eng gewësse Fräiheet hätt a Leit, déi an der Ëffentlechkeet stinn, kéinten e bësse méi haart ugepaakt ginn, ouni datt dat als Beleidegung opzefaasse wier. Dës Entscheedung hu si haut op d'Lidd vum Tun Tonnar transposéiert.

De Parquet huet eng Geldstrof vun 1.500 Euro gefrot, um Enn koum et zum Fräisproch. Ass dat e gängege Prozess, datt d'Geriicht dem Parquet net nokënnt?

Et kënnt Gott sei Dank vir, datt d'Geriicht dem Parquet net ëmmer follegt, soss hätte mir Affekote keng Dosinnsberechtegung. Datt déi Hären Thein, Keup a Schmitz probéieren, sech un där Prozedur ze profiléieren, dat ass vläicht normal, mee datt de Parquet dat do poursuivéiert an d'Plainten net direkt klasséiert huet, dat ass schonn erstaunlech gewiescht.

Mech huet dat Ganzt e bëssen un de Kräid-Prozess géint de Kënschtlerkollektiv Richtung 22 erënnert, wou de Parquet och herno desavouéiert gouf. De Kënschtlerkollektiv gouf am Appell fräigesprach, obwuel de Parquet ëmmer der Meenung war, déi Leit misste wéinst Vandalismus veruerteelt ginn. Dat war e bëssen erstaunlech, mee et kënnt net majoritär vir, datt d'Geriicht e Fräisproch schwätzt, wann de Parquet eng Veruerteelung freet, mee et kënnt awer vir, virun allem an enger Affär, wéi déi heiten.

De Joe Thein huet schonn ugekënnegt, an Appell ze goen: wat kann elo do nach geschéien?

De Joe Thein huet wéi all Partie civile d'Méiglechkeet an Appell ze goen. Et ass just d'Fro: wat mécht de Parquet? Wann de Parquet keen Appell mécht an de Fräisproch acceptéiert, dann huet den Appell vun enger Partie civile wéineg Sënn. E Fräisproch seet: den Tun Tonnar huet näischt Strofbares gemaach.

Dee Moment kann e Strofgeriicht och net iwwer de Schuedenersatz befannen, mee da si se, wéi an dësem Fall, net zoustänneg dofir. Wann elo de Joe Thein, oder ee vun deenen aneren zwee eleng Appell mécht, an de Parquet dat Uerteel acceptéiert, da kann d'Cour d'appel nëmmen zur Conclusioun kommen, datt déi Fuerderungen no Schuedenersatz net zoulässeg ass aus dem einfache Grond, well de Fräisproch dee Moment definitiv ass.