CSV "De Frank Engel an ech hunn de Lead"

Et géif ee sech an der CSV net zerfleeschen, mee et géif Diskussioune ginn, wéi an anere Parteien och, seet d'CSV-Fraktiounscheffin Martine Hansen zu interne Konflikter an hirer Partei. Op d'Fro, wien an der Partei de Lead hätt, sot d'Martine Hansen an der CSV-Fraktioun wier si et, an an der Partei de Frank Engel. An der Partei kéim ee just virun, wann een zesumme géif schaffen, an dat wier de Fall.

Mick Entringer / cbi

Martine Hansen
D'Martine Hansen seet, si hätt de Lead an der Fraktioun an de Frank Engel hätt de Lead an der Partei.

An der CSV géif ee sech net zerfleeschen, seet d'Martine Hansen. "Ech weess net, wou dat ëmmer erëm hierkënnt." D'CSV wier eng Vollekspartei, an do géifen et och Diskussioune ginn. "Do ginn et vill Mënschen, an do mënschelt et alt mol eng Kéier." Dat wier awer och an den anere Parteien de Fall.

Hausse op Accise "bréngt näischt"

Zum Tanktourismus sot d'Martine Hansen, datt dat "relativ einfach" wier. "D'Regierung huet e jo och nach net ugepaakt. A wa se elo deen een Cent oder zwee Cent an d'Luucht setzen, da soe si selwer, dat géif emissiounsméisseg näischt bréngen."

D'CSV wier der Meenung, datt een dat "méi global" misst kucken. "Wa mir hei zu Lëtzebuerg e bësse manner Bensin verkafen, an e gëtt doduercher op der Grenz verkaf, da mengen ech, datt mir do global nach net alles gemaacht hunn." Et sollt een den Tanktourismus konkret analyséieren. D'Martine Hansen fënnt, datt Lëtzebuerg eng Verantwortung an der EU hätt, an et misst ee beispillsweis och d'Schëfffaart upaken.

"Ech hu mir e SUVche kaf"

Am Gespréich goung et och ëm de Lieserbréif vum LSAP-President an Deputéierte Franz Fayot, wou hie geschriwwen hat, datt SUVen "Drecksschleidere" wieren a méi héich besteiert misste ginn. D'Martine Hansen fënnt dës Iwwerleeung "e bëssen einfach". Et géif och vill Bauere ginn, déi SUVe fir hir Aarbecht brauchen, well si Saachen transportéieren an doduerch geländefäeg misste sinn. "Also et ass net ëmmer nëmme Luxus, firwat datt een dat huet."

D'Martine Hansen gëtt zou, datt si och e SUV huet. "Ech hu mir e SUVche kaaft. Ech fuere ganz vill all Dag an ech denken, da brauch een och en Auto, dee vläicht mol wanterfest ass, deen e bësse méi grouss an e bësse méi sécher ass." D'Steiere géife scho méi héich ginn, wat den CO2-Ausstouss méi héich ass, seet d'Martine Hansen. Et hätt een also esou eng Reglementatioun. De Prinzip vum "Pollueur payeur" wier net schlecht, mee de Staat hätt aner Aufgaben ze maachen, zum Beispill d'Elektromobilitéit ausbauen - woubäi och déi negativ Säiten hätt, seet d'Martine Hansen.

An der Mediathéik:

Invité vum Dag / /
Lauschteren

Méi zum Thema

Frank-Engel.jpg Interview
CSV

Den neien CSV-President Frank Engel ass net averstanen mat der Kritik u sengem Engagement bei enger privater Militärfirma. Reporter.lu hat den Dënschdeg iwwer säi Verwaltungsrotsposte bei der Global Strategies Holding bericht.

Net verpassen

  • 03.10. RadiOdyssee

    RadiOdyssee_Visuell_Sendung_NewSize.jpg

    Erzielkonscht, an där Erzieltraditiounen an där hir Figuren nees lieweg ginn.

Programm

Dossieren

  • Bundestagswal 2021

    Däitschland wielt de Samschdeg, 26. September en neie Bundestag. Wat sinn d'Enjeuen, wie gëtt Kanzler oder Kanzlerin, wéi verleeft d'Wahlkampagne. An eisem Dossier zum Theema Bundestagswal gidd Dir alles gewuer.

  • Olympesch Spiller 2021

    D'Olympesch Spiller fannen, mat engem Joer Verspéidung, tëscht dem 23. Juni bis den 8. August zu Tokyo statt. Fir eis op der Plaz ass eise Korrespondent Philip Crowther.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen