Radioen

On air

Notturno  |  Nashville Ambient Ensemble - Horizon

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ De franséischen Dilemma

Franséisch Presidentiellen 2017

De franséischen Dilemma

De 7. Mee gëtt am Frankräich fir den zweeten Tour vun de Presidentielle gewielt. Vill Franséisch Wieler sinn elo an engem Dilemma. Wéi laang hält hir Gedold nach un?

auto_stories

3 min

Jee nodeem wéi eng Zeitung ee liest ass d'Resultat vum zweeten Tour am Frankräich elo scho bekannt: Den Emmanuel Macron gewënnt haushéich well de Front républicain, also déi etabléiert Parteien, sech zesumme gedoen huet fir d'Marine Le Pen an hire Front national ze verhënneren. Deenen éischte Sondagë no ass dat och dee wahrscheinlechen Szenario. Do ass d'Story dann eriwwer, kierzte Fräie Mikro bis elo. Net esou ganz.

Responsabiliséierung iwwer d'Medien

"Au premier tour on choisit, au deuxième tour on élimine", dat ass den allgemenge Kredo wann et zum franséische Wahlsystem kënnt. Vill Wieler, besonnesch Jonker, Studenten, déi dacks fir d'éischte Kéier bei de Presidentielle matmaachen, fille sech onwuel bei dëser Method. An deenen zwou Wochen zwëschent deenen zwee Toure gi si vun der politescher Landschaft an de Medie responsabiliséiert: "Maacht iech fir déi republikanesch Valeure staark! Wien net wielt, entzitt sech senger Responsabilitéit a léisst de Faschismus zou!"

D'Wieler vum Jean-Luc Mélenchon - ee Kandidat deen ëmmerhin de kubaneschen Diktator Fidel Castro relativéiert huet - sollen elo een eemolegen Investmentbanker wielen, deen als Minister deelweis Liberaliséierunge vum Aarbechtsmarché duerchgesat huet. Supportere vun der Manif pour tous, déi sech dem François Fillon ugeschloss haten, well hien d'Gesetz zum gläichgeschlechtleche Mariage ännere wollt, sollen elo den Emmanuel Macron wiele fir deen esou ee Changement op kee Fall a Fro kéim. An déi, déi net wielen, sief et aus Desinteresse oder awer aus Iwwerzeegung, kréien non-stop moraliséierend Platituden un de Kapp gehäit, datt alles anescht wéi ee Vote Macron ee Vote fir d'Marine Le Pen wier.

Wéi laang hält déi franséisch Gedold un?

Laang ass dëse System elo schonn am gaangen: Zënter dem zweeten Tour Chirac-Le Pen am Joer 2002 ass bei all nationalem a regionalem Vote déi selwecht Kassett lafe gelooss ginn. Iwwerdeems gëtt den Ecart zwëschen dem Front républicain an der Le Pen-Famill ëmmer méi kléng. Wat 2002 nach 82 Prozent fir de Jacques Chirac waren, solle Sondagë no elo just nach 62 Prozent fir den Emmanuel Macron sinn.

Jo, vill Fransouse si frustréiert. Amplaz no hirem Gewëssen ze wielen, dreift ee politesche System si dozou ee Politiker ze wielen, dee si net wierklech ënnerstëtze wollten, just fir eng Katastrophe-Kandidatin ze verhënneren. Iergendwéi wäert den Emmanuel Macron scho gewielt ginn um 7. Mee, mee wat dann? Wann de President Macron mat der politescher Realitéit vu komplizéierte Majoritéiten, der Fonction publique an de franséische Gewerkschafte konfrontéiert gëtt, da si mer an zwee Joer do wou mer elo sinn: Beim Status Quo.

Vun de Régionalen iwwer d'Départementalë wäert de Wahlsystem déi etabléiert Politiker da viru beschützen, während den Ecart mam Front national méi kléng gëtt an d'Wieler méi frustréiert. Wann dann 2022 virun der Dier steet, da gëtt d'Kassett vum Vote utile nees ageluecht, a mir dierfen nees vu vir ufänken.

En vue vun dëse Realitéiten ass d'Abstentioun bei dëse franséische Wahlen esou verständlech wéi nach ni.