Radioen

On air

Resonanzen  |  Wolfgang Amadeus Mozart - Sonat fir Piano Nr.10 an Do Majeur, K330, III. Allegretto - Jean Muller (Piano)

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ De Fred Keup war Member vun der CSV

Chamberwahlen 2018

De Fred Keup war Member vun der CSV

auto_stories

1 min

Fred Keup (Foto: Archiv)

De Fred Keup war zënter Jore Member an der CSV. De President vun der Initiativ Wee2050 / Nee2015 war an der Sektioun Kielen ageschriwwen. Dat seet eis op Nofro hin de lokalen CSV-Sektiounssekretär. Zënter bekannt ass, datt dem Fred Keup seng Asbl eng Kollaboratioun mat der ADR ageet, ass hien net méi CSV-Member. D'Statute géifen dat esou virgesinn.

Am Virfeld vun de Gemengen- an och vun de Chamberwahle goufen et Kontakter tëscht der CSV an der Asbl Initiativ Wee2050 / Nee2015, dat confirméiert den CSV-Generalsekretär dem radio 100,7. Wéi dat ofgelaf wier a wien wien approchéiert huet, wéisst hien net, sou de Laurent Zeimet. D'Konklusioun wier awer gewiescht, datt "Keup an CSV net beienee passen".

Den CSV-Buergermeeschter vu Mamer Gilles Roth seet eis, de Fred Keup wier am Virfeld vun de Gemengewahlen d'lescht Joer un hien erugetrueden. Dee Kontakt hätt awer net gefrucht. Iwwert d'Grënn dofir wëllt de Gilles Roth näischt soen.

D'Asbl Initiativ Wee2050 / Nee2015 hat sech beim Referendum géint d'Auslännerwahlrecht agesat. D'ADR stellt aacht Lëschteplaze fir Kandidate vun der Initiativ zur Verfügung.