Fussball "De Fussball zu Lëtzebuerg ass mausdout"

Den F91 Diddeleng wäert der Europa League haut Äddi soen - dat steet fest, egal wéi d'Partie géint Qarabağ am Aserbaidschan ausgeet. Dat ännert awer näischt um Exploit, deen et war, sech iwwerhaapt nees fir déi Gruppephas ze qualifizéieren. Nach ni huet e Lëtzebuerger Veräin op deem Niveau gespillt, an dat och nach zwee Joer noeneen. Trotzdeem seet den Patron vum F91: "De Fussball zu Lëtzebuerg ass mausdout."

Maurice Molitor (Baku) / cbi

Romain Schumacher
De Romain Schumacher ass President vum F91 Diddeleng. Foto: Archiv

De Romain Schumacher gehéiert zu deene Leit, déi op engem ganz rouegen Toun relativ hefteg Saache kënne soen. Sätz wéi deen hei zum Beispill: "Et kann ee just soen, datt vum Organisme de tutelle keen Interesse un de Veräiner besteet."

Den desastréisen Zoustand vum Stade Josy Barthel

Deen Organisme de tutelle ass d'FLF, d'Fussballfederatioun. Vun hir fillt sech de President vum F91 ëmmer nees am Stéch gelooss, zum Beispill de Stade Josy Barthel, deen an engem desastréisen Zoustand war virum Match géint Nikosia, wéinst deem de Match bal ausgefall war.

De Romain Schumacher schwätzt vun engem "Joke". Et misst ee sech mol virstellen, wat dat fir den Image vu Lëtzebuerg bedeit, wann een den Terrain mat Torschonge misst dréchnen.

"D'FLF rappt Talenter aus hire Clibb eraus"

Do hätten d'Leit vun der UEFA him d'Fro gestallt, wéi et da méiglech wier, datt Lëtzebuerg a sou enger Situatioun ass, a wou d'Organisation de tutelle dru wier, fir ze hëllefen. Hien hätt net vill vun der Federatioun héieren, déi Deeg, seet de Romain Schumacher. "Am Fong guer näischt."

An dat wier symptomatesch fir eng grondsätzlech Attitüd vun der FLF vis-à-vis vun de Clibb. Beispill Jugendaarbecht: firwat schafft d'Federatioun do net mat de Veräiner zesummen, freet de Romain Schumacher, "amplaz einfach dohin ze goen, an ze soen: deen do, deen do, deen do dee kënnt bei mech, well e gutt ass".

Den F91 um Training zu Baku

Sou awer géif d'FLF mat de gréissten Talenter verfueren, se aus hire Clibb erausrappen a fir d'Formatioun bei sech op Monnerech huelen - an d'Veräiner stiechen de Fanger an de Mond: "Wat soll ech mengem Trainer, wat soll ech deem Jong soen: Du hues gutt Aarbecht geleescht, an als Belounung kriss de däi Spiller ofgeholl."

Mee bon, sou wier et eben. An dat géif weisen, datt et der FLF egal wier, "wat an de Clibb gewurschtelt gëtt". D'Federatioun géif just no sech selwer kucken a probéieren an de Qualifikatiounsmatcher e puer Punkten ze maachen, da wier hir Politik confirméiert.

Kritik un der Spëtzt vun der FLF

Eng aner Schwaachstell, déi de Romain Schumacher um Niveau vun der FLF ausgemaach huet, ass datt een un der Spëtzt vun der Organisatioun e Chef d'entreprise bräicht. "Mir sinn net méi am Zäitalter vun de Fussballnostalgiker".

Fussball ass haut Business, e Business, deen ouni Geld net dréit. An dofir misst eng Federatioun hir Memberen anescht encadréiere wéi d'FLF dat mécht. Et wier bedauerlech, datt verpasst gi wier sech ënner der Féierung vum Organisme de tutelle Qualitéit ze ginn a sech anescht opzestellen. "Mir si Joren hannendran", seet de Romain Schumacher a bezitt sech dobäi ëm eng Professionaliséierung vun de Strukturen um Niveau vun der Féierung vun de Clibb.

Fussballclibb: Keen attraktive Produit méi?

Et géif also net drëm goen e professionelle Championnat op d'Been ze stellen. Dee wier onrealistesch am klenge Lëtzebuerg, seet de Romain Schumacher. Him geet et ëm eng anstänneg Gestioun vun engem gudden an attraktive Produit: "Ech hunn haut einfach als President vun engem Club engem Sponsor näischt méi ze bidden, also ech géif net gesinn, wou nach deem säi Return on invest wier."

Den F91 ass betraff: de Flavio Becca huet jo ugekënnegt sech an Etappen zeréckzezéien, zu Diddeleng. Ausléiser war e Konflikt mat der Gemeng wéinst dem Zoustand vun den Installatiounen, déi si dem Veräin zur Verfügung stellt.

An awer gesäit de Romain Schumacher net virop d'Politik an der Bringschuld: "Wa mer vun der Politik schwätzen, wier et awer fir d'éischt un eis, Fussballer, eis selwer Qualitéit ze ginn, eis selwer Seriositéit ze ginn. A wa mer Seriositéit hunn, dann ass de Moment komm fir bei d'Politik ze goen." Ëmgedréit wär dee falsche Wee, seet de Romain Schumacher.

An der Mediathéik:

Aktuelles / / Maurice Molitor
Lauschteren

Méi zum Thema

Kanner spille Fusball 2
Prisma

Iwwer d'Faszinatioun vum Massesport Fussball gëtt et an alle Sozialwëssenschaften déi ënnerschiddlechst Theorien. Wéi kann ee sech deen enorme Stellewäert vum Fussball an eiser Gesellschaft philosophesch erklären?

Fussball Fans
Réckbléck 2018

D'Nationalequipe an der Nations League, den F91 an der Europa League: De Lëtzebuerger Fussball huet en aussergewéinlechen Hierscht erlieft. De Maurice Molitor mat engem Fussball-Réckbléck.

Net verpassen

  • 03.10. RadiOdyssee

    RadiOdyssee_Visuell_Sendung_NewSize.jpg

    Erzielkonscht, an där Erzieltraditiounen an där hir Figuren nees lieweg ginn.

Programm

Dossieren

  • Bundestagswal 2021

    Däitschland wielt de Samschdeg, 26. September en neie Bundestag. Wat sinn d'Enjeuen, wie gëtt Kanzler oder Kanzlerin, wéi verleeft d'Wahlkampagne. An eisem Dossier zum Theema Bundestagswal gidd Dir alles gewuer.

  • Olympesch Spiller 2021

    D'Olympesch Spiller fannen, mat engem Joer Verspéidung, tëscht dem 23. Juni bis den 8. August zu Tokyo statt. Fir eis op der Plaz ass eise Korrespondent Philip Crowther.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen