Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ De Gast Gibéryen hält fréizäiteg als Deputéierten op

Europawahlen 2019

De Gast Gibéryen hält fréizäiteg als Deputéierten op

De Gast Gibéryen wëllt säi Mandat an der Chamber fréizäiteg nidderleeën, fir datt de Fred Keup "sech kann an d'Politik aschaffen". Dat sot den 68 Joer alen ADR-Deputéierte de Moien am 100,7-Interview.

auto_stories

1 min

De Gast Gibéryen wëllt säi Mandat an der Chamber fréizäiteg nidderleeën, fir datt de Fred Keup "sech kann an d'Politik aschaffen".

Den 68 Joer alen ADR-Deputéierte sot de Moien am 100,7-Interview, hie wéilt sengem Nofolger d'Geleeënheet ginn, fir an der Chamber ze beweisen, datt hien "e gudde Politiker ass". Dofir hätt hien decidéiert, säi Mandat an der Chamber "iergendwann" virun den nächste Chamberwahlen nidderzeleeën, esou de Gast Gibéryen. Wéini hien dat mécht, wollt den ADR-Politiker de Moien nach net soen.


De Gast Gibéryenplay_arrow


De Gast Gibéryen huet och ënnerstrach, datt hien an d'Europaparlament géif goen, wann hie bei den Europawahle gewielt géif ginn. An deem Fall géif de Fred Keup direkt an d'Chamber noréckelen. De Kapp vun der Beweegung Nee2015/Wee2050 war bei de Chamberwahlen 2018 Drëttgewielten op der ADR-Lescht am Süde ginn.