Radioen

On air

Tockcity  |  Liam Gallagher & John Squire - Raise Your Hands

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ De Generatiounsgaart zu Beefort

Wëll Wuerzel

De Generatiounsgaart zu Beefort

E Gaart voller Blummen, Beien a Geméis gëtt et zu Beefort. D'Lara Bousch war mat der Annick Feipel am Generatioungaart.

auto_stories

8 min

Annick Feipel: De Generatiounsgaart dee gëtt et zanter leschtem Joer. Et ass e Projet vun der Gemeng Beefort a Kollaboratioun mam Center fir ecological learning entstanen ass. De Besoin war do fir aus deem ale Bongert hei e Gaart entstoen ze loossen, dee fir d'Schoulklasse ka fungéieren awer och fir all anere Bierger, dee Loscht huet hei an de Gaart ze kommen, erëm e bësse méi no un der Natur ze sinn.

De Gaart ass op fir all Mënsch, egal wéi en Alter, egal wou en hiekënnt, an de Projet leeft nom Prinzip vun der Permakultur, dat heescht mir schaffe ganz naturno. Mir schaffen hei mat ganz villen Acteuren zesummen souwéi de CIGR Mëllerdall, déi déi meescht Strukture bauen hei am Gaart, dann awer och mat der Schoul vu Beefort, mat deenen ech verschidden Aktivitéite maachen iwwer d'Permakultur an dann och den Naturpark Mëllerdall, mat deenen ech och verschidden Aktivitéite maachen. An esou ass an engem Joer e Gaart entstanen, wou virdrun am Fong just bal nëmme Beem a Wiss waren.

Lara Bousch: Wei hues du de Gaart e bëssen opgedeelt?

Also mäin Uleies war fir esou vill wéi méiglech vun der Wiss erauszekréien, well d'Wiss einfach eppes ass, wat eis soss net vill gëtt, esou vill wéi méiglech Fläch ze verwende fir divers Planzen, Blummen, Blummewisen unzeleeën awer och tëschent de Beem Blummebeeter, déi da mat de Beem zesummeschaffen an enger Symbios, déi sech da géigesäiteg ënnerstëtzen, datt dat Ganzt einfach ganz divers a gréng mécht, datt s de hei erakënns, an datt s de einfach spiers, du bass hei an enger Ruheoas, du bass an enger Zort Paradies. Et wuessen esou vill verschidde Planzen an et gëtt esou vill ze kucken, datt dat einfach op dech wierkt an datt s de dech gutt heibanne spiers.

Et gëtt awer net nëmme Planze fir ze kucken, mee och fir där fir ze schmaachen.

Jo, den Haaptdeel ass, datt mer hei Geméis produzéieren, well et ass mer wichteg, datt mer erëm zeréckfannen zur Natur, awer och zu eisem Iessen. Datt mer erëm léieren, wéi wiisst eist Geméis, wat brauch et fir ze wuessen, wéi fillt et sech am beschte fir ze wuessen. Well mer verléieren e bëssen de Rapport mat eise Liewensmëttel. Well dat wat mer am Supermarché fannen, ass ëmmer verpaakt, et ass ëmmer do, déi ganz Saison iwwer. Et soll een einfach leieren e bëssen zeréckzekommen, ze verstoen, wéini wei ee Geméis wiisst, an dofir ass de Kichendeel hei am Gaart och e ganz grousse Volet, well alles wat mer hei ubauen, dat iesse mer och hei op der Plaz. Dat heescht all Grupp, deen heihinner kënnt, all Schoulklass déi heihinner kënnt, egal wéi en Alter, déi elo hei an den Aktivitéite mat agebonne sinn. Mir kachen déi Saachen hei, déi ginn dann direkt verschafft an esou leiert een dann och erëm, wéi ee Saache kann zoubereeden.

Hues du Loscht mech eng Kéier e bësse ronderëm ze féieren? Ech gesinn hei eng risegrouss Kraiderspiral! Ech mengen ech hunn nach ni esou eng grouss gesinn, souguer mat engem Dëmpel niewendrun.

D'Kraiderspiral ass eben hei an der Regioun verankert, mir hunn hei de Projet vun den Dréchemauer Lëtzebuerg an déi Dréchemauer fungéiert wéi e Biotop. Doduerch datt se dréche gebaut ass, huet se verschidde Lächer a vill verschidden Unterschlupf-Méiglechkeeten, an déi Insekte sech kënnen dra verfuussen, an Eidechsen an Igele sech kënnen dran annisten. Dee klenge Weier, dee mer derbäi hunn, dee mécht, datt déi ënnescht Partie déi ganz Fiichtegkeet opsaugt, datt mer do déi Kraider kënnen uplanzen, déi méi Waasser brauchen an desto méi héich mer ginn, si méi mediterran Kraider, déi méi dréche wëlle stoen, wéi zum Beispill den Thymian, Rosmarin, de Salbei.

Dohanne sinn op alle Fall ganz vill Blummen an hei steet nach en Insekten-Hotel an et kommen och schonn déi éischt Beeter mat Kornischongen, oder?

Jo. Den Insekten-Hotel, deen ass eben hei virun de Beeter, well mir brauchen d'Insekte fir eist Geméis ze bestëbsen a mir haten elo am Abrëll och scho ganz vill vun deene wëlle Beien, déi komm sinn. Deen Hotel ass entstane mat enger Klass d'lescht Joer. D'Schüler hunn dee ganz gebaut an entworf an am Abrëll war deen elo scho voll mat ganz ville wëlle Beien, déi sech ganz vill Näschter doranner gebaut hunn an hir Eeër do ofgeluecht hunn.

Wann een nach weider geet, da kommen nach Äerdbieren, deck Bounen an da gesinn ech, datt hei och e puer Poretten sinn, déi grad hir Bléien usetzen. Léiss du verschidden Zorten och bléien?

Jo, ech loosse ganz vill Geméis vum leschte Joer stoen, fir datt och iwwer de Wanter eppes kann do si fir d'Insekten an datt et net plakeg ass. Mäin Horror ass ëmmer, datt s de e plakege Gaart am Wanter hues.

Dat heescht, du sammels dann de Som an du kucks och fir Planzen ze kréien, déi lo net méi esou bekannt sinn?

Jo, also mäin Haaptuleies ass, datt mer hei am Gaart och Saache kënnen uplanzen, déi verluer gaange si mat der Zäit, vu Geméis a Kraider, déi mer am Fong net méi kennen, mee déi et schonn zanter jeehier gëtt, esou wéi d'Haferwurz, déi ech all Joer erëm uséien, och verschidde Kabeszorte wéi de Plamkohl z. B.. Dat si Saachen, déi d'Leit guer net méi kënnen. Et gi sou vill verschidde Muerten-Zorten, et ginn zum Beispill net nëmmen déi orange. Et gi sou vill verschidde Faarwen. Et gëtt de Köttliger Rübli, dat ass eng al Zort, déi ass wäiss. Dat si Saachen, déi sinn net esou geziicht, datt se esou performant sinn a ganz vill produzéieren, mee se si vill méi eegenaarteg, si hu vill méi Närstoffer, well se net esou geziicht sinn.

Gi mer mol e bësse weider kucken, hei an der Mëtt steet en décke Bam. Ass dat en Äppel- oder e Bierebam?

Dat ass e Bierebam.

An dat ass kee Problem, wann e Bierebam iwwer de Beeter ass?

En ass net direkt ganz iwwer de Beeter. En huet elo eng Partie, do wou e bëssen driwwer ass. Meeschtens ass et esou, datt déi Partie, wou iwwer dem Beet ass, datt mer heiansdo do d'Geméis hunn, dat esouguer besser wiisst, well et eben och den Närstoffgehalt kritt. Et kritt virun allem d'Fiichtegkeet, déi de Bam ofgëtt, an déi de Bam och als Schied gëtt. An de Bam huet jo och ëmmer Äppel oder Bieren, déi en am Wanter oder am Hierscht fale léisst, déi ech da leie loossen. Dat heescht, déi nieren de Buedem och erëm. Dat ass jo am Fong den natierlechen Zyklus vun der Natur. An duerno, wat mir elo als Geméis do drënner planzen, ob dat elo Boune sinn oder wat och ëmmer, dat gëtt dem Bam och erëm Närstoffer zeréck. Déi si souzesoen an enger Symbios mateneen, se ënnerstëtze sech géigesäiteg. Si kënnen natierlech och konkurréieren, ëm d'Fiichtegkeet am ëm d'Nätzt am Buedem, wa mer ganz dréchen Zäiten hunn.

Dohannen ass e grousse Koup mat lauter Äscht, déi esou opgestapelt sinn. Wat ass dat?

Mee dat ass eng Bëntscheskeck. Dat ass en Totholzhaufen, deen ech mat enger Klass gemaach hunn. Eise Gäert hautdesdaags sinn net méi esou wëll. Et muss jo ëmmer alles propper sinn, alles gestrigelt sinn. Et muss direkt gebotzt a geméit sinn. An et feelen u sech esou wëll Ecker, wou sech kéinten Déieren annisten a verfuussen. Well wa mer Problemer hunn a Gaart mat Schleeken oder esou, da feelt et och ëmmer um natierleche Fraasfeind vum Schleek. A wéi kréie mer esou Déieren erëm an de Gaart? An deem mer am Fong Ecker loossen, déi e bësse méi wëll sinn, fir datt déi Déieren, wéi Igelen oder Mouken, sech kënnen do usidelen a mathëllefen, de Gaart an enger Balance ze halen. Dat do sinn einfach eis al Äscht, déi mer d'ganzt Joer iwwer gesammelt hu vun de Beem, déi mer geschnidden hunn oder vun den Hecken, an déi elo do einfach als Totholzhaufen dengen an esou als Unterschlupf déngen.

Kann een dann, wann een Interessi huet u Mëschkultur, Permakultur oder soss Froe ronderëm de Gaart huet, hei laanscht kommen a Froe stëllen?

Jo, de Gaart ass d'ganzt Joer iwwer op, et kann een eigentlech ëmmer hei laanscht kommen. Et kann een och ëmmer era schneien, wann ee wëllt. Et kann ee sech e bëssen hei hinner setzen, relaxe kommen, d'Natur genéisse kommen. Ech hunn ebe vill Klassen iwwer d'ganzt Joer. Elo de Moment ass dat e bëssen aneschters mam Corona, mee mir fänken elo erëm déi nächst Saison un, also am Hierscht. Wann een elo spezifesch Froen huet a sech spezifesch wëllt informéieren, dann ass et elo besser, mir virdru Bescheed ze soen, fir datt ech dat kann aplangen. Och wann ee gären eng Visitt hätt, dann ass et am beschte sech virdru bei mir ze mellen.