Schonn am Mäerz huet d'Regierung gefaart, datt Frankräich kéint franséischt Personal aus de Lëtzebuerger Spideeler requisitionéieren. Fir datt dat net geschitt, huet Lëtzebuerg als Géigeleeschtung eng Rei Covid-19 Patienten aus Frankräich opgeholl. Schonn am Mäerz war de Risiko vum Manktem u Personal also en Theema. Mee wéinst dem Lockdown, wärend dem sech manner Leit, dorënner Gesondheetspersonal, mam Coronavirus infizéiert hunn, war d'Penurie hei am Land net esou akut.
Datt et e Problem kéint ginn, hätt ee sech allerdéngs kéinten denken. Et brauch ee just d'Situatioun an den Nopeschlänner ze kucke wou vun Ufank u mat enger Penurie vum Fleegepersonal wärend der Kris gekämpft gouf.
Am Ausland huet Fleegepersonal scho fréi gefeelt
Deemno ass et schwéier nozevollzéien datt d'Verhandlungen tëschent der CNS an de Spideeler fir an der kritescher Phas 3 méi Personal ze kréien esou spéit ugefaangen hunn: Déi Verhandlunge goufen nämlech eréischt viru knapp dräi Woche gefouert, wéi d'Phas 3 scho bal declenchéiert war. Wëssens datt d'Personal fir d'Phas 1 an 2 schonn am Juli verhandelt war an de Berechnungsmodell net ännert mee just adaptéiert gëtt.
Eréischt wéi d'Spideeler Alarm geschloen hunn, datt si et net méi laang op deem Niveau packen, gouf doriwwer diskutéiert wéi een d'Personal am beschte kéint opdeelen, a wou een neit Personal kéint hier huelen. Zu engem Zäitpunkt, zu dem a ville Gesondheetsberäicher d'Personal scho knapp gouf. D'Iddi fir zum Beispill d'Pompjeeën oder d'Apdikter duerch eng Zousazausbildung esouwäit ze kréien datt si an den Testlaboen eng Hand mat kënnen upaken, ass net opgaangen. Well och an deene Secteure selwer zu dem Moment schonn e groussen Deel vum Personal gefeelt huet.
Personalverhandlungen ze spéit ugefaangen
Verschidde Mesurë schéngen elo zwar ze gräifen, wéi zum Beispill datt vulnerabel Covid-19 Patienten elo méi laang Doheem betreit ginn ier se an d'Klinick kommen an doduerch d'Spideeler entlaascht ginn. Ma och déi Mesure huet eréischt dës Woch gegraff an hätt scho kéinten éischter preparéiert ginn.
An et ass nach net eriwwer: Dës Woch eréischt kruten d'Spideeler 78 Vollzäitplaze vun der CNS zougesot fir d'Phase 3 ze packen. Mee elo scho stinn déi meescht virun der 4. Phas fir déi et och nach keng Personalverhandlunge goufen.
Et ass ëmsou méi wichteg, z'antizipéieren, well et Schwieregkeete ginn fir déi néideg Profiller ze fannen. Fir datt d'Nopeschlänner weiderhi solidaresch bleiwen huet Lëtzebuerg decidéiert keng Leit méi aus der Groussregioun ze rekrutéieren. Hei am Land kënnen d'Spideeler also elo haaptsächlech just nach op Mataarbechter setzen, déi fräiwëlleg méi schaffe wéi se normalerweis schaffen, op rezent Pensionéierter oder op Studenten déi nach net ganz fäerdeg mat hirem Studium sinn. Domadder géif et awer net duer goen, fir déi néideg Lächer ze fëllen, et wier ebe schwiereg hei am Land spezialiséiert Personal ze fannen, héiert ee vum Terrain.
Lëtzebuerg ofhängeg vum Ausland
Mee et ass ni ze spéit fir et besser ze maachen: Et stelle sech nämlech souwisou strukturell Froen. Op eiser Antenn huet ee Spidolsdirekter eng Reform vum Verhandlungsystem mat der CNS gefuerdert fir datt generell méi reaktiv op d'Besoine vun de Spideeler ka reagéiert ginn, an dat net nëmme wärend der Coronapandemie. Och missten déi Jonk hei am Land méi motivéiert gi fir Gesondheetsberuffer ze léieren heescht et zënter Joren. D'Coronapandemie huet ee Problem däitlech gemaach, dee schonn zënter Jore bekannt ass. D'Land muss sech eescht Gedanke maache wéi et esou en essentielle System op Laang dauer kann oprecht erhalen.