Radioen

On air

Notturno  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Vill Beem si krank

Lëtzebuerger Bëscher

Vill Beem si krank

Zënter den 80er Joren verschlechtert sech den Zoustand vun de Lëtzebuerger Bëscher. Haut si vill Beem krank. Een Ëmdenken ass néideg. Och wat d'Biodiversitéit ugeet.

auto_stories

4 min

Fir vill Leit spillt de Bësch eng wichteg Roll am Alldag. Et geet ee mat sengem Hond do spadséieren, et weist ee senge Kanner do d'Natur oder déi Kleng entdecken op eege Fauscht déi grouss natierlech Spillplaz virun hirer Dier.

Mä och wann een et op deen éischte Bléck net direkt mierkt: Dem Bësch geet et net esou gutt, seet de Roger Schauls vum Mouvement écologique.

Zoustand vu Bëscher verschlechtert sech

Zwee Drëttel vun de Buchen, der dominanter Bamzort zu Lëtzebuerg, si krank. Insgesamt sinn déi lëtzebuergesch Bëscher a schlechter Konditioun.

Zënter den 80er Jore géif ee moossen, wéi de Gesondheetszoustand vun den eenzele Beem ass, seet d'Marianne Jacobs vun der Natur- a Bëschverwaltung. Zënterhier wier den Zoustand vun de Beem ëmmer méi schlëmm ginn. Eréischt an de leschte Joren hätt sech d'Vitalitéit vun de Beem stabiliséiert, leider awer op kengem gudde Niveau. Allerdéngs misst een tëschent dem Zoustand vun de Beem an deem vum Bësch ënnerscheeden, seet d'Marianne Jacobs.

"Ee gesonde Bësch besteet net nëmmen aus gesonde Beem. Verschidden Organisme brauchen och al, krank an doudeg Beem. Dat heescht, ee gesonde Bësch besteet net nëmmen aus gesonde Beem."

Ursaachen

Fir déi Entwécklung ginn et verschidde Grënn, soen déi zwee Bam-Experten. Déi grouss Loftverschmotzung géif de Beem schueden. De Klimawandel wier och e grousse Problem, well d'Beem doduerch zum Beispill am Summer net méi sou vill Ree kréien, wéi se missten.

Déi héich Wëlddicht a verschiddenen Deeler vun de Bëscher wier e weidere Grond. Haaptsächlech d'Réi profitéiere vum héijen Nahrungsangebot an der oppener Landschaft, seet de Roger Schauls. Hiert Réckzuchsgebitt wier ganz kloer de Bësch. Iwwer de Wanter géife si jonk Beem a Keimlingen uknabberen. D'Réi géifen domat ganz Zorte vu Planzen ausselektionéieren. Doduerch géif d'Biodiversitéit vun de Bëscher an Zukunft nach méi kléng ginn.

Niddreg Biodiversitéit a Lëtzebuerger Bëscher

Virun allem eng héich Biodiversitéit wier wichteg. Fir dës z'erreechen, géif ee mat Som-Gäert zesummeschaffen. Wann eng Bamzort géif krank ginn, kéint sech d'Krankheet net sou séier op de ganze Bësch ausbreeden. D'Buch, d'Eech, d'Fiicht an d'Douglas géife momentan ronn 80 Prozent vun de Beem zu Lëtzebuerg ausmaachen, seet d'Marianne Jacobs. D'Biodiversitéit wier aktuell extrem niddreg.

Duerch d'Industrialiséierung wiere vill Schuedstoffer an d'Luucht geblose ginn. Gläichzäiteg hätt een awer net déi néideg technesch Moyene gehat, fir d'Verschmotzung z'iwwerwaachen an d'Schuedstoffen nees aus der Loft erauszefilteren, seet d'Marianne Jacobs.

"Wann ee virun den 80er Jore nach keng Donnéeën iwwer de Gesondheetszoustand vun de Beem gesammelt huet, dann ass et och schwéier, eng valabel Ausso iwwer den aktuelle Gesondheetszoustand vum Bësch ze maachen."

Méiglech Géigemoossnamen

An Zukunft misst ee probéieren, d'Wëld-Dicht ze reduzéieren, sou de Roger Schauls vum Mouvement écologique. An et misst ee géint de Klimawandel a géint Ofgase virgoen. Um Niveau vum ëffentlechen Transport missten Efforte gemaach ginn an de Lëtzebuerger Wuesstemsmodell misst analyséiert ginn.

Jidderee kéint eppes maachen, fir dem Bësch ze hëllefen. Et kéint een zum Beispill oppassen, fir selwer d'Loft net onnéideg ze verschmotzen, andeems een d'Vitesselimitatioune géif anhalen. Doriwwer eraus kéint ee vill op Verpackunge verzichten, regional a saisonal akafen.

Et wier een och dobäi, deen neie Code Forestier ze finaliséieren, sou d'Marianne Jacobs. Dee leet fest, wéi de Bësch ze bewirtschaften ass. E gesonde Bësch ass wichteg fir eis Mënschen. D'Beem huelen CO2 op a maachen domadder d'Loft méi propper. De Roger Schauls huet e Verglach:

"Déi aktuell Situatioun vun de Bëscher kann ee vergläiche mat där vun engem alkoholkranke Mënsch. D'Bëscher filteren d'Loft a rengegen se. A genee wéi d'Liewer vun engem Alkoholkranken ënnert dem Alkohol leit, leit de Bësch ënnert der Loftverschmotzung."

Ëmdenken ass néideg

Datt et de Beem de Moment net esou gutt geet, géif net dru léien, datt ee sech fréier net fir d'Beem interesséiert hätt, seet d'Marianne Jacobs. Där Meenung ass och de Roger Schauls. Et wieren an de leschte Joren awer och vill gutt Saache gemaach ginn. D'Bewirtschaftung vun de Bëscher hätt sech an de leschte Jore staark verbessert.

Wann een de Bësch an Zukunft wëllt schützen a säin Zoustand nees verbesseren, muss een op alle Fall respektvoll mat him ëmgoen, seet de Roger Schauls. Dofir misst Holz an Zukunft erëm méi als Baumaterial a manner fir ze Hëtze genotzt ginn. Momentan géif och un engem sougenannten Holzcluster geschafft ginn. A priori sollten d'lëtzebuergesch Bëscher virun allem Wäertholz produzéieren.

Awer net nëmmen zu Lëtzebuerg wier den Zoustand vun de Beem net gutt, seet d'Marianne Jacobs. Och an den Nopeschregiounen, wéi Rheinland-Pfalz, Lorraine oder Wallonie hätt een ähnlech Problemer.