Déi betraffen Ariichtunge misste sech fir d'Zukunft selwer Reegele ginn. De Paternalismus, deen an esou Situatiounen dacks un den Dag geluecht géif ginn, wier fir hien net zilféierend. "Dat si Leit, déi an enger grousser Ofhängegkeet liewen, an dofir muss een extra gutt oppassen." Hie kéint novollzéien, datt d'Féierunge vun esou Institutioune wéilte vermeiden, datt de Virus sech an hirem Haus ausbreet, esou de Gilbert Pregno, eng allgemeng Léisung hätt hien och net parat.
"A wann Der mech elo géift froen: "Wéi hätt dat solle geschéien?", da géif ech erëm eng Kéier soen: "Ech weess et och net." Mee ech weess, datt et do aner Weeër ginn, an net nëmmen dofir suergen, datt mer eis der Tyrannei vun deem Virus ënnerleeën, an dann dee Moment Moossnamen huelen, déi am Fong esou an d'Mënscherechter agräifen. Also mech huet dat immens betraff."
Am Ad hoc Grupp gouf nach guer net iwwer d'Covid-Gesetz geschwat
Muer Freideg ass eng véiert Reunioun vum Ad hoc Grupp, deen d'Regierung agesat hat, fir sech bei der Decisioun vun Anti-Covid-Mesurë begleeden ze loossen. Dee Grupp setzt sech aus aacht Perséinlechkeeten aus der Zivilgesellschaft zesummen, dorënner zum Beispill d'Presidente vu Chambre de Commerce a Chambre des Salariés Luc Frieden an Nora Back, d'Ombudsman Claudia Monti an den Eethiker Erny Gillen. Och de Gilbert Pregno, de President vun der consultativer Mënscherechtskommissioun CCDH, ass Member vun deem Grupp. Den Impakt vun deem, wat do diskutéiert gëtt, nennt de Gilbert Pregno "bescheiden".
Et wier virun allem en "Uneneereie vun ënnerschiddleche Meenungen" an hien hätt net den Androck, datt d'Mënscherechtskommissioun do e "bouleversanten Afloss" op d'Entscheedungen hätt, déi geholl gi sinn.
Iwwer d'Covid-Gesetz (iwwer dat d'CCDH jo e ganz kriteschen Avis gemaach huet) wier an deem Ad hoc Grupp nach guer net geschwat ginn, esou de Gilbert Pregno.
Den aktuellen Text ass problematesch
Vill Mesuren am Covid-Gesetz wieren disproportionéiert, net wierklech noutwendeg an net onbedéngt zilorientéiert. Dat ass - an der Substanz - dat, wat déi consultativ Mënscherechtskommissioun um Projet de loi, deen am Moment diskutéiert gëtt, auszesetzen huet. De Mëttwoch huet d'CCDH hiren Avis virgestallt. Den Text géif keng Rechtsécherheet bidden, esou de Gilbert Pregno.
Esou een Text misst senger Meenung no vu Leit mat der néideger Erfarung redigéiert ginn. Den aktuellen Text géif a sengen Aen enger juristescher Analys net standhalen, esou de President vun der consultativer Mënscherechtskommissioun.