Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  Beirut - Nantes

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ De globale Migratiouns-Pakt

Fräie Mikro

De globale Migratiouns-Pakt

Theme wéi Migratiounen oder Flüchtlinge ginn ëmmer méi vu rietse Politiker mëssbraucht fir friemefeindlech a mënscheveruechtend Iddien ze verbreeden, mengt d'Laura Zuccoli am Fräie Mikro.

auto_stories

3 min

Laura Zuccoli

Haut, Donnëschdeg ass an der Chamber den Hearing iwwer de Migratiouns-Pakt, deen am September 2016 vun der UNO ausgehandelt gouf an deemools vun 193 Memberlänner vun der UNO ënnerstëtzt gouf.

Doranner sti leider nëmme Recommandatiounen, an deenen ënner anerem de Migranten - déi net ënner d'Genfer Flüchtlingskonvention falen - Mënscherechter zougesprach solle ginn. D'UNO wollt esou eng Äntwert ginn an der Problematik vun den Migratiounsstréim, dem Mënschenhandel an der illegaler Migratioun.

Siwen EU Länner wëllen elo dëse Pakt net méi droen. Dat sinn Éisträich, Ungarn, Polen, Bulgarien, Slowakei, Tschechien an Italien. Bei eisen Noperen an der Belsch huet Diskussioun iwwer dëse Pakt héich Welle geschloen. Riets Politiker hunn et fäerdeg bruecht bis an d'Häerz vun eisen Demokratië Behaaptungen ze verbreeden, déi falsch a polemesch sinn, déi e Klima vun Angscht a Friemenhaass schafen. Hir Argumenter entspriechen net den Tatsaachen. De Pakt gëtt higestallt wéi eng Beschneidung vun den nationale Rechter vun de Staaten an hirer Migratiounspolitik. Hie soll all Grenze verwëschen, obwuel eng ganz Rei Recommandatiounen dran sti fir Baussegrenzen ofzesécheren. De Pakt fuerdert Länner op, sech op minimal Garantië fir de Schutz vun den Migranten ze eenegen.

Battere Nogeschmaach bleift

Och wann déi meeschte Länner elo de Pakt den 10. an den 11. Dezember a Marokko ënnerschreiwe wäerten, bleift e battere Nogeschmaach. Déi ganz Debatt normaliséiert den Zynismus, mat deem mir d'Froen am Ëmgang mat Migranten a Flüchtlingen uginn. Dobäi leeft dës Diskussioun op Basis vun Impressiounen a Ressentimenter an net mat rationalen Argumenter. Vill Länner hunn an hire Parlamenter fir d'Unhuele vum Pakt gestëmmt, mam Haaptargument, datt dëse jo souwisou net bindend an also fir d'Kaz ass. Hoffentlech gëtt dat net och d'Haaptargument am Hearing bei eis.

De Weste ka guer net ouni Migratioun funktionéieren, Lëtzebuerg ass dofir e liewegt Beispill. Mat ronn 22.000 Mënschen, déi all Joer nei op Lëtzebuerg kommen a mat bal 50 Prozent Net-Lëtzebuerger a senger Bevëlkerung ass Lëtzebuerg en Immigratiounsland par Excellence, dat vill vun der Migratioun profitéiert. Wien identitär an nationalistesch Téin uschléit, gräift d'Basis vun eiser Demokratie un a verbreet e Message, deen de Contraire ass vun deem, wat eis Gesellschaft de Migrante weist.

Verantwortung gëtt iwwerholl

D'Zivilgesellschaft hellt seng Verantwortungen an Integratiounsfroen. Esou zum Beispill d'Initiativ Oppent Haus, wou méi wéi 60 Flüchtlinge vun Famillen, déi an eisem Land wunnen, opgeholl goufen. An der ganzer Schwäiz huet eng ähnlech Initiativ am selwechten Zäitraum 130 Leit en Doheem verschaaft. Op d'Bevëlkerung ëmgerechent sinn dat der bei eis 15 Mol méi! Bravo Lëtzebuerg!

Ech erwaarde mir vun eisen Deputéierten, datt si sech kloer zu de mënscherechtlechen Recommandatiounen am UNO Migratiouns-Pakt bekennen an op där Basis diskutéieren. Wann d'Migratiounsdebatt op reng Argumenter vun An- an Ofgrenzung reduzéiert gëtt, verschwannen d'Rechter vun de Migranten hanner de Lige vun de Populisten. An et si virun allem och eis eege Valeuren, déi mir domadder verroden.


Mam Zil, déi ëffentlech Debatt ze fërderen, invitéiert de radio 100,7 am Fräie Mikro Leit aus der Zivilgesellschaft fir aktuell Themen ze kommentéieren. De Fräie Mikro spigelt reng d'Meenung vu sengem Auteur erëm.