Radioen

On air

Notturno  |  Advance Base - Love At The Five & Dime

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ De Grand-Duc Jean a seng institutionell Roll

Monarchie

De Grand-Duc Jean a seng institutionell Roll

De Grand-Duc Jean huet d'Institutioune respektéiert, domat huet hien d'Monarchie zu Lëtzebuerg gestäerkt. Säi militäreschen Asaz am Zweete Weltkrich huet och spéider Allianzen, wéi déi mat der NATO beaflosst. E Portrait vum Grand-Duc Jean als Staatschef.

auto_stories

3 min

Et gëtt vum Grand-Duc Jean gesot, datt hien ee léiwe Mënsch gewiescht wier, ee Mënsch mat Humor, awer och een, deen d'Natur gären hat. Hie war och houfreg Grand-Duc ze sinn, seet de Chamberpresident Fernand Etgen.

Wéi war hien als Grand-Duc, als Staatschef?

Et ass een historesche Personnage, dee bal ee Joerhonnert gelieft huet. Hien ass 1921 gebuer, zwee Joer nom Referendum iwwer d'Bäibehale vun der Monarchie an zwee Joer nodeems d'Marie-Adélaïde als Grande-Duchesse zeréckgetruede war, well hir virgeworf gouf, sech ze vill an d'Politik agemëscht ze hunn an ze vill däitsch-frëndlech ze sinn. Mam Grand-Duc Jean fänkt eng nei Ära un, seet den Historiker Denis Scuto.

"De Grand-Duc Jean gëtt vun Ufank u schonn zu engem Symbol, datt déi Dynastie sech als Lëtzebuerger Dynastie ugesäit. Dat fänkt u mam Numm Jean, dat ass natierlech eng Referenz op de Jang de Blannen, op dee ganz wichtege Personnage an der Geschicht vu Lëtzebuerg aus dem Mëttelalter. Dat geet weider domadder, datt hien deen éischten ass, dee vun Ufank un och Lëtzebuergesch léiert. Dat heescht, hien als Personnage symboliséiert schonn de Revirement vun der Dynastie."

Mat der Befreiung huet d'Popularitéit ugefaangen

1939 gëtt de Grand-Duc Jean mat 18 Joer Ierfgroussherzog. Ee Joer drop huet hien d'Land misste verloossen, am Exil engagéiert hie sech militäresch a kënnt mat sengem Papp den 10. September 1944 mat den Alliéierten op Lëtzebuerg zeréck, sou den Historiker Michel Pauly.

"De Grand-Duc Jean ass, op d'mannst an der Erënnerung vu mengen Elteren hirer Generatioun, ganz kloer hänke bliwwen als deen, deen am September 1944 direkt mat den amerikaneschen Truppen op engem amerikaneschen Jeep zeréck an d'Stad komm ass. Ech mengen et ass do, wou seng ganz Popularitéit ugefaangen huet."

Duerch seng militäresch Roll am Zweete Weltkrich ass déi militäresch Neutralitéit vum Grand-Duché gebrach, seet den Historiker Paul Dostert.

"An datt mir da fir eng nei Reegelung agetruede sinn, datt mir mat anere Länner zesummen, fir d'éischt mam Pakt de Bruxelles an do eraus dann 1949 d'NATO, matgegrënnt hunn. Datt mir och 1945 - mee dat geet och méi op d'Regierung zeréck - da Member an der UNO gi sinn. Dat heescht, mir si Grënnungsmember aus deem Krich eraus an deenen internationale Gremie ginn. An och dat huet hie sécherlech materlieft."

De Grand-Duc Jean huet keng Politik gemaach

1964 gëtt de Prënz Jean als aachte Grand-Duc vu Lëtzebuerg vereedegt. Hie wäert sech, contrairement zur Grande-Duchesse Marie-Adélaïde, ni an d'Politik amëschen: Den Historiker Denis Scuto nennt do d'Beispill vum Ofdreiwungsgesetz an de 70er Joren, wat net de perséinlechen Iwwerzeegunge vum Grand-Duc Jean entsprach huet:

"An trotzdem huet hie sech do erausgehalen, respektiv ass dat Gesetz duerchgaangen. De Grand-Duc Henri hat do eng aner Haltung, dat huet dunn natierlech zu enger konstitutioneller Kris geféiert. Déi Kris ass an där Hisiicht duerch konstitutionell Verännerungen ofgeschloss ginn. Do ass dat lescht Wuert net geschwat."