Radioen

On air

De Moien  |  Moiespanorama

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "De Grondsteen vun enger zukünfteger moderner Gemeng"

Syvicol

"De Grondsteen vun enger zukünfteger moderner Gemeng"

Den Emile Eicher, President vum Syvicol, fuerdert eng kloer Definitioun vun de Kompetenzen a vun den obligatoresche Missioune vun de Gemengen, grad ewéi déi néideg finanziell Mëttel. Déi nei Inneministesch Taina Bofferding schafft zesumme mam Syvicol un deem neie Gemengegesetz.

auto_stories

2 min

Den Emile Eicher ass President vum Syvicol, dem Gemengesyndikat

Am Juli sollen all d'Gemengen op engem Treffen hir eege Fuerderunge kënne presentéieren. De Consultatiounsprozess zu Nidderaanwen soll geschwë lassgoen a soll och "an engem relativ kuerzen Zäitraum iwwer d'Bühn goen."

Finanziell Mëttel fir d'Missioune vun der Gemeng

D'Gemenge wieren opgefuerdert fir matzemaachen, hir Alternativen ze presentéieren a "virun allem ze hëllefen och ze decidéiere wat fir eng Missiounen d'Gemengen an Zukunft musse maachen". Dat wier de Grondstee vun enger zukünfteger moderner Gemeng, seet den Emile Eicher. Et wier wichteg ze wëssen, wat een als Gemeng wëll a "wéi een dat hikritt" mat de finanzielle Moyenen, mat wat fir engem Personal an a wat fir enger Zäitschinn, esou de President vum Syvicol.

Et wier wichteg, datt d'Gemengen déi Finanze kréien, déi se brauche fir hir Aufgabe kënnen ëmzesetzen. Lëtzebuerg hätt als eent vun den éischte Länner d'Charte de l'autonomie communale ënnerschriwwen, an "da musse mir och dozou stoen", esou den Emile Eicher.

Am Beräich vum soziale Wunnengsbau, huet den Emile Eicher ënnerstrach, datt et bei klenge Gemengen net géif duergoe Subventiounen z'accordéieren. Déi Gemenge bräichten och eng Berodung an déi néideg Mëttel, fir de soziale Suivi vun deene Locatairen z'assuréieren

Asyldemandeure besser integréieren

De President vum Syvicol huet och een Appell lancéiert fir méi kleng Strukture fir Asyldemandeuren ze schafen. Hien ass mat der Propos vum Ausseminister averstane fir iwwer d'Land verdeelt kleng Strukture vu maximal 33 Persounen ze schafen. "Dat wier natierlech eng ganz aner Diskussioun, wéi wann een der 150-200 huet."

Den Emile Eicher ass der Meenung, datt wann een et géif fäerdeg brénge fir d'Asyldemandeure méiglechst gutt iwwer dat ganzt Land ze verdeelen a se net ze konzentréieren op e puer Plazen, "dann hätten déi Leit och eng reell Chance fir op deene Plazen, wou si herno sech fir d'éischt néierloossen, do och ze bleiwen".