Radioen

On air

Notturno  |  Tom Waits - Downtown Train

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ De Jean-Claude Juncker behält ee Bureau am Berlaymont

EU-KOMMISSIOUN

De Jean-Claude Juncker behält ee Bureau am Berlaymont

De Jean-Claude Juncker ka weider ee Büro am Kommissiounsgebai zu Bréissel notzen, och nodeems hien net méi President vun der Kommissioun ass. Déi Reegel ass nei, si gëllt fir fënnef Joer.

auto_stories

2 min

De Jean-Claude Juncker kritt ee Büro am Gebai vun der Europäescher Kommissioun, vun deem Dag un, wou hien net méi President vun där Institutioun ass. Dat huet d'Spriecherin vun der Kommissioun, Mina Andreeva, dësem Radio confirméiert.

Weiderhin als "Ambassadeur fir d'EU" optrieden

"Amplaz elo all kéiers Ad hoc-Léisungen ze fannen, wann ee fréiere Kommissiounspresident am Gebai ass an ee Raum brauch, mécht et Sënn, ee permanente Büro zur Verfügung ze stellen", sou d'Mina Andreeva. Dee fréiere President sollt jo och weiderhin als "Ambassadeur fir d'EU" optrieden.

Déi Reegel ass nei a gëllt fir fënnef Joer. De Collège vun der aktueller Kommissioun huet nämlech decidéiert, datt vun elo un all Kommissiounspresident fënnef Joer laang ee Recht op säin eegene Büro an der Kommissioun huet. Fréier EU-Kommissären hunn hirersäits een Urecht op ee "bureau de passage", dee si sich deelen.

Anere logistesche Support

De Kommissiounspresident kann no senger Amtszäit temporär och op aner Servicer vun der Kommissioun zeréckgräifen. Dozou gehéiert ee Sekretariat oder Transportméiglechkeeten.

Sou wäit et méiglech wier, géif him een Auto mat Chauffer zur Verfügung gestallt, wann hien un offiziellen Evenementer deelhëlt, an zum Beispill als Riedner op enger Konferenz optrëtt, seet d'Mina Andreeva. Déi misst allerdéngs och a Relatioun mat senger fréierer Tâche als Kommissiounspresident ze dinn hunn.

Dem Jean-Claude Juncker säin neie Büro ass um aachte Stack am Berlaymont, d'Kommissären an de Kommissiounspresident hunn hir Büroen traditionell um 13. Stack an deem Gebai.