Radioen

On air

Tockcity  |  Juniore - Le Silence

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ De Jean-Claude Juncker muss an d'Verlängerung

NEI EU-KOMMISSIOUN

De Jean-Claude Juncker muss an d'Verlängerung

D'Sylvie Goulard ass duerch den Hearing gefall. De Vott vum Europaparlament géint déi franséisch Kandidatin fir EU-Kommissärin ze ginn, ass och een Anti-Macron-Vott. Nieft Rumänien an Ungarn muss elo also och Frankräich eng nei Persoun nominéieren. Dat heescht och, datt déi nei Equipe vun der designéierter EU-Kommissiounspresidentin Ursula von der Leyen wahrscheinlech net den éischten November untriede kann.

auto_stories

5 min

Et fänkt wierklech net gutt u fir d'Ursula von der Leyen. Nodeem schonn d'Kandidaten aus Rumänien an Ungarn bei den Auditiounen am Europaparlament duerchgefall sinn, krut en Donneschdeg d'Franséisin Sylvie Goulard keng gréng Luucht vun den Europadeputéierten.

Feelstart vun der Equipe von der Leyen

Domat, datt ausgerechent déi franséisch Kandidatin duerchfale géif, war net vun Ufank un ze rechnen. Et ass déi éischte Kéier, dat eng designéiert Kommissärin aus engem groussen EU-Land vum Parlament refuséiert gëtt.

De Vott gëschter war awer iwwerraschend kloer. Um Enn hunn 82 Europadeputéiert queesch duerch d'Parteien dofir gestëmmt, datt déi Liberal Politikerin Sylvie Goulard net EU-Kommissärin fir de Bannemaart an d'Defense gëtt. Just 29 waren der op der Säit vun der Sylvie Goulard, si waren aus hiren eegene Reien, der Fraktioun vun de Liberalen.

Den DP-Europadeputéierten Charel Goerens hat déi fréier Europadeputéiert bis um Schluss vehement verteidegt.

"Et gëtt kee Grond fir un der Kapassitéit an un der Integritéit vun der Mme Goulard ze zweiwelen. An ech ginn esouguer sou wäit ze soen, dat wa si net zeréckbehale gëtt, ech net fir d'Kommissioun von der Leyen stëmme wäert."

Ähnlech Gedanke schéngen aner Leit an der Fraktioun vun de Liberale gehat ze hunn. Si hunn duerchblécke gelooss, datt si elo déi aner nei Kandidaten, déi nach vum Parlament musse gehéiert ginn, ganz streng ënner d'Lupp huele wäerten. Dat deit op eng schwiereg Suite vum Exercice hin.

Argumenter géint d'Sylvie Goulard

Et ware manner Kompetenzfroen, wéi ethesch Froen, déi am Fall vun der Sylvie Goulard fir Kritik gesuergt hunn.

Fir d'Manon Aubry vun der France Insoumise, ass et inakzeptabel, datt d'Sylvie Goulard, wéi si Europadeputéiert war, während 22 Méint iwwer zéng Dausend Euro de Mount vun engem amerikaneschen Think Tank als Consultante krut. "Dat ass méi, wéi si als Europadeputéiert verdéngt huet an dat ass net akzeptabel."

Dat ass awer net illegal, kontert de Charel Goerens. Et soll ee sech un d'Reglement vum Parlament halen, an dat hätt d'Sylvie Goulard zu all Moment gemaach.

Een anert Argument géint d'Sylvie Goulard. Géint si leeft eng Enquête, well hir Partei ee Mataarbechter a Frankräich mat EU-Sue bezuelt huet, wéi si nach Europadeputéiert war. A Frankräich war si wéinst dëser Affär als Verteidegungsministerin zeréckgetrueden. Also hätt si och missten annoncéieren, datt si als EU-Kommissärin zerécktrëtt, fir de Fall wou d'Enquête op europäeschem Niveau virugeet, seet d'CSV-Europadeputéiert Isabelle Wiseler.

The Parliament strikes back

D'Isabelle Wiseler huet géint d'Sylvie Goulard gestëmmt a wiert sech dogéint, datt et hei ëm eng Revanche géint de franséische President Emmanuel Macron goung. Hien ass beim Parlament onbeléift, well hie sech géint de Prinzip vu Spëtzekandidaten ausgeschwat an um Enn d'Ursula von der Leyen als Kommissiounspresidentin proposéiert huet.

De Gedanken, datt grad hir Fraktioun, d'Europäesch Vollekspartei, eng Revanche huele wollt, läit awer no. Well den Emmanuel Macron ass haaptsächlech mat Schold, datt elo net den Spëtzekandidat vun der EVP, de Manfred Weber, mee d'Ursula von der Leyen Cheffin vun der nächste Europäescher Kommissioun gëtt.

D'Majoritéit am Parlament hat sech fir de Spëtzekandidate-System ausgeschwat a laang behaapt, et géif ee keen aneren als Kommissiounspresident akzeptéieren. Besonnesch an der EVP-Fraktioun war d'Roserei doriwwer, datt hire Kandidat net Chef vun der Kommissioun gëtt, grouss. Net onwichteg war och, datt déi zwee aner Kandidaten, déi am Parlament duerchgefall sinn, vun de Sozialisten an de Chrëschtdemokrate koumen. De Vott géint déi liberal Kandidatin Goulard huet do also a verschiddenen Aen een Equiliber hiergestallt. Et huet sécher och eng Roll gespillt, datt déi zwee anere Kandidaten, déi refuséiert goufen, aus osteuropäesche Länner waren, an elo eng Kandidatin aus engem grousse westleche Land nees heemgeschéckt gëtt. Europadeputéiert aus dem Osten haten hei ëfters drop higewisen, datt d'Parlament mat zweeërlee Mooss moosst.

Keng gutt Basis fir d'Ursula von der Leyen

Virum Vott gouf et Rumeuren, datt sech déi grouss Parteien iwwer eng Zort Friddensofkommes eens gi waren, datt een elo kee Kandidat méi duerchfale léisst.

De Vott vu gëschter géint déi franséisch Kandidatin ass also och een Zeechen dofir, datt d'Majoritéitsverhältnisser am Parlament ongewëss sinn. Och dat dierft der Ursula von der Leyen an Zukunft d'Liewe schwéier maachen.

Den Emmanuel Macron selwer awer huet de Ball an de Camps vu senger Kommissiounspresidentin geschoss. Hie sot, et wier d'Ursula von der Leyen selwer gewiescht, déi hie gebieden hat, d'Sylvie Goulard ze nominéieren.

Si hätt sech bei de Cheffe vun de grousse Fraktioune vergewëssert, datt d'Kandidatin de Support vun hinnen hätt. Déi awer hunn direkt dementéiert, datt et esou eng Ofsprooch gouf.

D'Equipe von der Leyen kritt Retard

Frankräich muss elo een neien EU-Kommissär nominéieren. Dat dierft dee ganzen Zäitplang duerchernee bréngen. Dozou kënnt nämlech, datt a Rumänien en Donneschdeg d'Regierung duerch ee Mësstrauensvott gestierzt gouf.

Et wäert also daueren, bis vun där Säit en neie Kandidat oder eng nei Kandidatin genannt gëtt. Den ursprénglechen Zäitplang ass kaum nach anzehalen. Am Fong sollt d'Parlament e Mëttwoch aacht Deeg iwwer d'Equipe von der Leyen ofstëmmen, déi dann den éischte November untriede sollt. Virdrun missten awer déi nei Kandidaten aus Ungarn, Rumänien a Frankräich vum Parlament gehéiert ginn.


De Wocheréckbléck vum Danièle Weber:

Lauschterenplay_arrow


An Zesummenaarbecht mat Euranet Plus, dem gréissten europäesche Radio-Reseau fir EU-Aktualitéit.