Radioen

On air

Notturno  |  First Mote - Middlecroft

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ De Kampf ëm Prozenter

CO2-Emissiounen

De Kampf ëm Prozenter

CO2-Emissioune bei Autoen, Camionen oder Busse musse reduzéiert ginn. Ëm wéi vill Prozent - doriwwer gëtt den Ament an der EU diskutéiert. Fir Autoen a Minibusse läit eng konkret Propos vir.

auto_stories

3 min

An de Verhandlunge goung et ëm Prozenter: D'Europäesch Kommissioun hat CO2-Reduktioune vu just 30 Prozent bis 2030 virgeschloen, d'Parlament sot 40 Prozent wieren de Minimum fir d'Klimaziler anzehalen an d'Memberlänner ware mat enger Positioun vu 35 Prozent an d'Gespréicher gaangen.

Getraff huet ee sech dono iergendwou an der Mëtt. Sou erkläert sech déi Zuel vu 37,5 Prozent, déi schliisslech festgehale gouf. Bei Minibussen ass et just eng Reduktioun vun 31 Prozent.

CO2-Reduktioun geet net duer

Dat geet net duer, soen Ëmweltschützer an och déi Lëtzebuerger Ëmweltministesch Carole Dieschbourg. Et wier schued, datt ee keng méi grouss Ambitiounen hätt kënne festhalen. Besonnesch am Transportsecteur wier vill Loft no uewen, mee dat wier dee Secteur, wou d'Emissiounen nach ëmmer eropgéife goen. Dat wier eng verpasste Chance, seet d'Carole Dieschbourg.

Virgesi si Strofen, wann een d'Ziler net anhält. Eppes, wat d'Automobilindustrie op d'Barrikade bréngt. Si schloen Alarm. D'Decisioun wier politesch motivéiert a géif net der technologescher oder sozioekonomescher Entwécklung Rechnung droen, sou d'Associatioun vun den Europäeschen Autoshiersteller an engem Communiqué.

Soll heeschen, wann dat doten ëmgesat gëtt, kascht dat Suen an Aarbechtsplazen. Dernieft wier deen Accord komplett onrealistesch. Dat, well et net genuch bezuelbar Elektroautoe gëtt, an d'Infrastruktur fir se opzelueden net prett ass.

Eng soft Transitioun

Et ass kloer, datt Bensin an Diesel net d'Zukunft wäert sinn. Dowéinst verpasst d'Industrie hei eng Chance, um Marché kompetitiv ze bleiwen, seet dozou d'Carole Dieschbourg. Et wier een um Holzwee an et wier batter néideg, datt d'Industrie sech géif erneieren.

D'Kommissioun seet, si géif hëllefe fir eng soft Transitioun suergen. Si soll dem Accord no analyséieren, ob déi Suen, déi um Wee vu Strofen erakéimen, engem Fonds zegutt kommen, erkläert d'Anca Paduraru, Spriecherin vun der Kommissioun. Et wéilt een déi Leit, déi am Secteur schaffen, och forméieren, besonnesch an deene Memberlänner, déi am meeschte betraff wieren. Dofir wéilt d'Europäesch Kommissioun eng Propos maache fir dee Fong bis 2027 ze schafen.

Reduktioun bei neie Gefierer

Wéini dat ëmgesat gëtt ass nach onkloer. D'Memberlänner an d'Parlament mussen den Accord nach definitiv gutt heeschen. Haut diskutéieren d'Ëmweltministeren zu Bréissel iwwer Grenzwäerter fir Camionen a Bussen, fir déi et den Ament nach guer keng Reegele gëtt.

Hei fuerdert d'Parlament, datt bei neie Gefierer d'Emissioune bis 2030 ëm op d'mannst 35 Prozent par Rapport zum Joer 2019 erofginn. D'Parlament setzt sech och fir een Tëschenzil an: Bis 2025 sollen d'Emissioune schonn ëm 25 Prozent reduzéiert ginn.

Steierkreditter als Ureiz fir d'Hiersteller

Och Lëtzebuerg hält dat wier sënnvoll, seet d'Carole Dieschbourg - egal ob Camionen oder Autoen. Et soll een net riskéieren, datt Saachen ëmmer erëm verréckelt ginn. Dofir wier et wichteg, Tëschenetappen ze setzen, mengt si.

D'Kommissioun huet ee System vu sougenannte Steierkreditter proposéiert als Ureiz fir d'Hiersteller. Dozou hätt d'Regierung nach keng kloer Positioun, seet d'Carole Dieschbourg. Als Kompromëss kéint een ähnleche System festgehale ginn, wéi fir d'Autoen: nämlech eng Quot fir Elektro-Camionen oder där, déi ganz wéineg bis keng Emissioune verursaachen.