Konkret geet et ëm d'Lafdauer vun der Konventioun tëschent dem Logementsministère an dem private Promoteur. Am Juni hat d'Logementsministesch, der Zeitung no, decidéiert, d'Lafdauer vun dëser Konventioun vun 20 op 40 Joer eropzesetzen. Domat soll séchergestallt ginn datt d'Wunnengen, déi bis zu 75 Prozent vum Staat subventionéiert ginn, méiglechst laang bëlleg verlount ginn. Dem Wort no wier dës nei Reegelung allerdéngs elo virop bei kierchlechen Acteuren ugewant ginn. Bei Projete vun net kierchlechen-Promoteuren, déi souguer eréischt méi spéit eragereecht gi wieren, géif nach ëmmer eng Lafzäit vun 20 Joer gëllen, seet de Philip Mauel, Direkter vum Kierchefong.
De Philipp Mauel, Direkter vum Kierchefong am Gespréich mam Maxi Pesch: