Radioen

On air

Resonanzen  |  E volle Concertsweekend am Éislek

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ De Klimabiergerrot: e Modell fir d'Zukunft?

Participativ Demokratie

De Klimabiergerrot: e Modell fir d'Zukunft?

Mam Klimabiergerrot gouf d'lescht Joer een neit Instrument an der Lëtzebuerger Politik ageféiert. Dëse Rot besteet, wéi den Numm et seet, net aus Experten, mee aus Bierger, déi extra dofir ausgewielt goufen. Si hu sech mam Sujet Klima an Ëmweltpolitik befaasst, an dozou Enn Oktober eng Rei Fuerderungen un d'Politik gestallt. Ugefaangen huet dat Ganzt awer scho virun iwwer engem Joer.

auto_stories

3 min

De Klimabiergerrot an der Chamber um 5. Oktober 2022. Foto: Chambre des députés

Am Oktober 2021 sot de Premier Xavier Bettel bei senger Ried zur Lag vun der Natioun, datt et Zäit wier, fir d'Gesellschaft un de Verhandlungsdësch vun der Klimapolitik ze bréngen:

"Ech wäert dofir ee Klimabiergerrot aberuffen, an dëse Klimabiergerrot soll sech aus 100 Memberen zesummesetzen, déi déi demographesch Realitéit zu Lëtzebuerg representéieren, an domat stellvertriedend fir d'Populatioun wäerte stoen."

Enn Januar 2022 war den offizielle Start

De Projet ass séier un d'Rulle komm, an ufangs Januar 2022 sinn déi 100 Membere vun TNS Ilres ausgewielt ginn.

Den 29. Januar war den offizielle Start vum Klimabiergerrot sengen Aarbechten: Et gouf sech mat Experte getraff, thematesch Weekender sinn organiséiert ginn, a Visitten um Terrain goufe gemaach.

Dobäi eraus koumen um Enn 56 Revendicatiounen, déi ufangs Oktober an der Chamber virgestallt goufen.

Wat soll mat de Revendicatioune geschéien?

Wou genau d'Revendicatioune vum Klimabiergerrot solle Plaz fannen, erkläert de Raphaël Kies vun der Uni Lëtzebuerg, deen och Member am Verwaltungsrot vum Radio 100,7 ass. Hien huet de Klimabiergerrot a senger Funktioun als Responsabele vun der Lëtzebuerger Plattform fir participativ Demokratie observéiert:

"Ces propositions vont être prises en considération dans le PNEC à côté des propositions venant de la platforme de la société civile, et aussi des groupes d'experts. Donc cela va être une source d'information qui sera pris en considération dans l'élaboration de la nouvelle version du PNEC, qui va prendre évidemment un certain temps."

De PNEC ass den nationale Plang fir Energie a Klima, deen déi politesch Richtlinne bis 2030 an de respektive Beräicher virgëtt. Bis Enn Februar muss dem Regierungsrot dozou de passenden Avant-Projet virgeluecht gi sinn.

Wéi d'Ëmweltministesch Joëlle Welfring allerdéngs betount, kënnen d'Fuerderunge vum Klimabiergerrot och nach op anere Plazen nëtzlech ginn:

"An dann hu mir natierlech ee ganze Koup aner Méiglechkeete fir nach vun dëse Moossnamen ze profitéieren, wéi zum Beispill den Naturschutzplang. Do ginn et ee ganze Koup Beräicher, och Klima-Upassungsstrategie, wou mir vun de 56 Propositiounen a vun anere Recommandatioune profitéiere wäerten."

Wéi eng Zukunft fir dës Form vu Biergerbedeelegung?

Niewent dem Suivi vun de Mesurë vum Klimabiergerrot wäert awer och elo gekuckt ginn, wéi dës Form vun demokratescher Participatioun weidergefouert ka ginn, esou de Raphaël Kies:

"Toute la question est de savoir: sous quelle forme ces processus vont être mis en place et si on ne voudrait pas mettre en place une procédure plus institutionnalisée pour les organiser dans le futur. Et là, toute une série de questions va se poser. Qui les organise? Qui aura l'initiative pour définir les thématiques qui devont être abordées? Comment seront sélectionnés les futurs participants?"

Datt dës Form vu Biergerbedeelegung widderholl wäert ginn, ass awer bal sécher, seet de Raphaël Kies. Bis op d'ADR wieren nämlech all Parteie grondsätzlech vun dëser Prozedur iwwerzeegt.

Grupp vu Fräiwëllege mécht de Suivi

Offiziell ass d'Aarbecht vum Klimabiergerrot elo ofgeschloss. Allerdéngs huet sech op Basis vun den 100 Memberen ee Grupp vu Fräiwëllege forméiert, deen de Suivi vun de Propose mécht.

Och de Ministère hätt sech virgeholl, verschidde fräiwëlleg Memberen ze kontaktéieren, fir sech iwwer eenzel Sujeten nach eng Kéier auszetauschen, erkläert de Raphael Kies. Et wier awer falsch ze mengen, datt och all Propos tatsächlech géif ëmgesat ginn, seet den Unisprofesser.