Radioen

On air

Notturno  |  Birdbones - Every Single One Of Us

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ De Klimawandel ass eng Realitéit

Fräie Mikro

De Klimawandel ass eng Realitéit

Fir den nächste Freideg, 24. September, ruffen Youth for Climate op zu engem Klimastreik. De Michel Pauly, Mataarbechter vun der Zäitschrëft forum, rifft sengersäits d'Politiker op, endlech méi radikal Mesuren ze huelen, fir de Klimawandel ze bremsen, awer och fir d'Deierecht, déi domat op eis zoukënnt, ofzefiederen.

auto_stories

3 min

Foto: Archiv

Am August war ech déi flott Fotosausstellung vum Pol Aschmann an den Cercle an der Stad kucken. Ënnert anerem ass do eng Foto ze gesinn vun enger Iwwerschwemmung zu Réimech am Wanter 1958. Wou ech do virdru stoung, sot nieft mir eng Fra zu hirem Mann: "Gesäis de: 'déi Zäit gouf et och schonn Iwwerschwemmungen'. An dann zielen s'ons, dat wier de Klimawandel an ons Schold."

Datt et tatsächlech duerch d'Klimakris matzen am Summer zu katastrophalen Iwwerschwemmunge kënnt, huet d'Madamm nach net verstanen. A si ass kaum eleng an deem Fall. De Begrëff Klimawandel gëtt zwar vu ville Politiker a Journalisten ëmmer méi dacks gebraucht, mee nach feelt et un der pedagogescher Aarbecht, déi och 'dem Mann an der Fra vun der Strooss' géif erklären, wat fir Konsequenzen déi Ännerungen am Klima hunn a wat ee konkret dergéint kann a muss man.

Mesurë géint den CO2-Gebrauch kaschten eppes

Wann et elo heescht, d'Iwwerschwemmungen vum 14./15. Juli wieren déi deierst Naturkatastroph, fir déi d'Lëtzebuerger Assurancë musse bezuelen, a wann doduerch méiglecher Weis d'Assurancëprimmen an nächster Zäit an d'Luucht ginn, da kréien och villäicht méi Leit an Entreprisen ze spieren, wat et heescht, d'Duerchschnëttstemperatur op der Äerd ëm 1 bis 2 Grad klammen ze loossen a näischt dergéintgoe z'ënnerhuelen.

All Mesuren fir den CO2-Verbrauch ze drécken, wäerten eppes kaschten, a sief et nëmme méi héich Steieren. Si wäerten och zu Aschränkunge féieren vun onser Mobilitéit a Reesfräiheet. Et wäert een net méi däerfen Haiser bauen an heize wéi ee Loscht huet. Fir d'Covid-Pandemie ze bekämpfen, hu mer nees geléiert, datt de Staat ons muss kënne Reegelen imposéieren, ons Fräiheet also ageschränkt gëtt, fir onst Iwwerliewen ze garantéieren.

Et mussen onpopulär Decisioune getraff ginn

Et ass dofir ganz kloer, datt déi Decisioune net wäerte populär sinn. Wann awer d'Parteie vu schwaarz bis gréng elo maachen, wéi wann een dat alles och méi soft kéintt erreechen, da beléie se sech selwer an hir Wieler. Säit der Konferenz vu Rio am Joer 1992 si mer virun de Konsequenze vum Klimawandel gewarnt. An nach ëmmer seet zum Beispill den CSV-President an engem Interview mat Reporter.lu (10.8.2021), e wier géint Verbueter, mee fir eng Politik déi d'Leit mathëlt. Wat gouf dann domat an deene leschten 30 Joer erreecht fir d'Klimakris ze verhënneren? D'Politiker hätte besser, hir Imaginatioun spillen ze loossen, wéi een deene sozial schwaache Schichten kënnt ënner d'Äerm gräifen, fir déi Deierecht ofzefiederen. Domat kéinte se sécher méi Leit iwwerzeegen, fir méi streng Klimaregele matzedroen.

Hëtztrekorder a Bëschbränn, staarke Reen an Iwwerschwemmungen, d'Klamme vum Mieresspigel, d'Verschwanne vun Déieren- an Insektenzorten, d'Ofhuele vu natierleche Ressourcen, ... si Fakten déi sech net méi ewech diskutéiere loossen. Nach ass et Zäit, soen d'Fachleit, Géigemesuren an d'Wee ze leeden. Mee wat mer méi laang waarden, wat déi Mesurë méi drastesch mussen ausfalen, fir nach eppes ze bewierken.

An deem Sënn hoffen ech, datt nächste Freideg vill Leit, net nëmme Jonker, bei de Manifestatioune fir eng méi effikass Klimapolitik wäerte mat maachen.


Mam Zil fir déi ëffentlech Debatt ze fërderen, invitéiert de radio 100,7 am Fräie Mikro Leit aus der Zivilgesellschaft fir aktuell Theemen ze kommentéieren. De Fräie Mikro ass e Gaaschtbäitrag mat Richtlinnen, am Respekt vun eisem Cahier des Charges, ënner der finaler Responsabilitéit vum radio 100,7.