arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ De Konsument soll sech iwwer Liewensmëttelwarnungen informéieren

Liewensmëttel

|
reading time

2 min

De Konsument soll sech iwwer Liewensmëttelwarnungen informéieren

Et gëtt weider viru Liewensmëttel gewarnt, déi de kriibserreegenden Stoff Ethylenoxid enthalen. Am Moment si virun allem Glacen vun dem Problem betraff.

reading time

2 min

play_arrow De Résumé lauschteren


Wéinst Ethylenoxid sollen zum Beispill Glacë vun de Marke Snickers, Smarties an Twix net consomméiert ginn. Dat hänkt mam Additif Johanniskernbrotmehl, kuerz E410, zesummen, deen als Zousazstoff an de Liewensmëttel benotzt gëtt an als Stabilisant a Gélifiant funktionéiert.

De Consommateur soll sech informéieren

Honnerte verschidde Glacen, an och aner Liewensmëttel, an deenen den Zousaz verschafft gouf, sollen dofir net méi consomméiert ginn. D'Lescht vun de Produiten, déi zeréckgeruff ginn, huet am Moment 34 Säiten. De Commissaire à la Sécurité alimentaire réit de Consommateuren dofir dozou sech selwer ze informéieren.

De Patrick Hau verweist an enger éischter Instanz op de Site vun der Sécurité alimentaire informéieren. Zanter enger Zäit géif et och een Newsletter ginn, wou de Consommateur zwee mol den Dag iwwer déi Produiten informéiert ginn, déi zeréck geruff ginn, erkläert de Commissaire à la Sécurité alimentaire. Iwwer de Facebook-Account vum Ministère vum Konsumenteschutz géifen d'Leit och reegelméisseg informéiert ginn.

Et gi reegelméisseg Kontrollen

Et fale reegelméisseg nei kontaminéiert Produiten op, well och wann Ethylenoxid an der EU verbueden ass, gëtt d'Substanz baussent der EU weider gebraucht.

Importéiert Produite ginn dofir och hei am Land kontrolléiert. 2020 huet d'Sécurité alimentaire eng 18 Kontrolle gemaach, vun deenen der zéng net konform waren, seet de Patrick Hau. Spéider goufe weider 20 Kontrolle gemaach, déi dann awer konform waren.

Déi Evolutioun stëmmt de Patrick Hau optimistesch: "Dat weist, datt de Secteur sech adaptéiert huet." D'Fournisseure géife mëttlerweil Garantie froen, datt déi Substanz net méi an der Matière première dran ass. Well dat awer nach net garantéiert si weider Kontrolle geplangt.