Radioen

On air

De Moien  |  Gene Chandler - Duke Of Earl

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ De Lëtzebuerger Airbus A400M: Den aktuelle Stand

Militärtransportfliger

De Lëtzebuerger Airbus A400M: Den aktuelle Stand

Enn Januar gouf de Gesetzprojet fir déi lafend Käschte vum A400M deposéiert. De Projet vum Militärtransportfliger soll am Ganze ronn 700 Millioune kaschten. De Fliger soll am Mee oder Juni 2020 geliwwert ginn, seet den Direkter vun der Defense. Den aktuelle Kafpräis fir dëse Fliger fir de Grand-Duché läit bei ronn 200 Milliounen Euro. D'Fonctionnementskäschten iwwer 35 Joer solle sech - aus Siicht vun haut - op bal 500 Milliounen Euro chiffréieren.

auto_stories

3 min

"Mir si bal bei 700 Millioune mat deem ganze Projet", seet den Direkter vun der Defense, Patrick Heck. Dat wier een enorme Chiffer. "Mee wann een awer betruecht, datt et iwwer 35 Joer geet, dann ass dat natierlech ofgerechent op d'Joer tëschent 11 an 12 Milliounen Euro."

A bei engem Lëtzebuerger Defense-Budget vu ronn 330 Milliounen Euro pro Joer wier dat "ganz verstänneg", fënnt de Patrick Heck. Hien erënnert och drun, datt den A400M e "komplexe Projet" wier.

"Reng vum techneschen hier: Fir esou ee sophistiquéierte Fliger vun engem wäisse Blat ze designen, dat war een industriellen Tour de Force. A mir wollten do dobäi sinn, well dee Fliger jo awer fir déi europäesch verdeedegungspolitesch Ambitiounen e 'Flagship projet' war, wéi een op gutt Lëtzebuergesch seet."

Op Strof-Zomme verzicht

Lëtzebuerg - zesumme mat den anere Staaten, déi A400Me kaaft hunn - haten am Februar dëst Joer eng Adaptatioun vum Kafvertrag acceptéiert. Dobäi hunn d'Staaten op Strof-Zomme vun Airbus verzicht, seet den Direkter vun der Defense.

"Wéi mir d'Vertragsrechter gekuckt hunn, ware mir bereet op verschidde Penalitéiten ze verzichten. Elo mol, andeems mir een neie Kalenner acceptéiert hunn, wou awer Penalitéite erëm agefouert ginn. Datt wann dësen neie Kalenner erëm eng Kéier net géif respektéiert ginn, datt d'Penalitéiten dann awer géife falen. De Fait, datt mir op Penalitéite verzicht hunn, huet eis erlaabt, net musse frësch Suen op den Dësch ze leeën. Well dann de Constructeur jo weess, datt hien déi Penalitéiten net bezuele muss. Si ware fälleg, mee mir hunn drop verzicht. An all dat huet eis et erlaabt, de Programm weider kënnen ze féieren."

Fir de Moment si sechs Lëtzebuerger Piloten aktiv oder a Formatioun. Fir den A400M sinn awer net nëmme Piloten néideg, mee och zum Beispill Personal fir de Fliger ze belueden an z'entlueden. Dofir hätt een een Appell gemaach, fir Kandidaten ze fannen, "déi haut schonn an der Arméi sinn, an déi bereet wieren, esou eng Formatioun ze maachen. A Terme musse mir och zu Melsbroek Buedempersonal stellen."

Bensin a Personal kaschten am meeschten

Op dësem Militärfluchhafe bei Bréissel soll de Lëtzebuerger A400M zesumme mat de siwe belsche Fligere vum selwechten Typ an enger bi-nationaler Flott stationéiert ginn. Der Oplëschtung vun de Fonctionnementsfraisen no sinn d'Personalkäschten an de Bensin déi Elementer beim Militär-Transportfliger A400M, déi am meeschte kaschten.

"Well mir jo awer Paie bezuelen, déi interessant sinn. Fir d'Piloten an déi Leit, déi herno am Fliger schaffen. D'Buedempersonal ass natierlech traditionell zu Lëtzebuerg ëmmer een deiere Posten. An natierlech dann d'Asaz-Käschten: Wann de Fliger flitt, verbraucht e Bensin, a mir hu wëlles, de Fliger vill anzesetzen, wa mir kucken, wat d'Besoine sinn."

International an europawäit géifen et nämlech grouss Besoine ginn, sou de Patrick Heck. De strategesche Lofttransport wier nach ëmmer eng Lacune an Europa. Den A400M soll dës fëllen. Mam Lëtzebuerger Airbus A400M sollen Truppen a Material transportéiert ginn, mee och zum Beispill medezinesch Evakuéierunge kënne gemaach ginn. D'Capacitéite sollen awer och fir zivil Zwecker agesat ginn.