Radioen

On air

Notturno  |  Klein - Catharsis

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ De Lycée Classique kritt eng nei Sektioun

Enseignement secondaire

De Lycée Classique kritt eng nei Sektioun

De Lycée classique kritt eng nei Sektioun bäi. Vun der nächster Schoulrentrée u gëtt déi nei Sektioun P - Sciences cognitives et sciences humaines - an dräi Lycéeën ugebueden: Am Lycée Bel-Val, am Dikrecher Lycée classique an am Stater Jongelycée. D'Geeschteswëssenschafte wieren ëmmer méi beléift bei de Schüler, wieren awer bis elo awer kaum present gewiescht am Lycée, esou den Educatiounsminister Claude Meisch.

auto_stories

2 min

Bei der neier Sektioun P soll de Mënsch an d'Gesellschaft am Mëttelpunkt stoen, esou de Claude Meisch. (Foto Marlène Clement)

Lauschterenplay_arrow


Vun der nächster Schoulrentrée u kënnen d'Schüler am Classique vun 3ème un tëscht zéng verschidde Sektioune wielen.

No Info a Finanze geet et elo ëm de Mënsch

2018 koum d'Sektioun I dobäi, also Informatik a Kommunikatioun, an d'lescht Joer d'Sektioun N, am Beräich Entrepreneurship, Finanzen a Marketing. Bei der neier Sektioun P soll de Mënsch a seng Plaz an der Gesellschaft am Mëttelpunkt stoen, esou de Claude Meisch. D'Schoul bräicht e gesonden Equiliber.

"Technologie, Naturwëssenschaften, Verwaltung op där enger Säit. Wat e staarken Deel och ass vum Fortschrëtt. An op där anerer Säit awer och Literatur, Konscht- a Geeschteswëssenschaften. Si maachen den aneren Deel vun engem staarke Fundament aus."

Den Halldor Halldorsson vum Script, deen de ganze Prozess begleet huet, erkläert weider, datt een déi Jonk wéilt preparéiere fir an enger demokratescher Gesellschaft ze participéieren a sech ze engagéieren.

Nei Spezialiséierungen och am General

Bei der neier Sektioun P stinn an deem Sënn dräi nei Haaptfächer um Programm : Sciences de l'Homme et de la Société, Sciences des données et communication a Sciences de la vie et de la Terre.

Am Laf vun den dräi Joer mussen d'Schüler e perséinleche Rechercheprojet realiséieren, seet den Halldor Halldorson.

"Ausgoend vun enger Fro, déi si intresséiert, maache si sech op d'Sich no Äntwerten. An doduerch, wat si a verschiddene Fächer u Wëssen a Kompetenze proposéiert kruten, setzen si dës an hirem Projet ëm a weisen domat, datt si sech des Fäegkeeten och ugëeegent hunn."

Eng weider nei Sectioun, déi vun der Rentrée 2023 am Classique ugebuede gëtt, ass d'Sectioun R - Politiques et développement durable. Fir den Ufank awer just am Stater Kolléisch.

Och am General kommen nei Spezialiséierunge bäi, wéi d'Sektioun Technologies, sport et santé, de CCP Assistant d'accompagnement au quotidien, den DAP Inclusion an den Diplôme de technicien Mobilité électrique.