Radioen

On air

Den Nomëtteg  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Am Hierscht: Lycée privé Emile Metz och zu Déifferdeng

Zweet Gebai

Am Hierscht: Lycée privé Emile Metz och zu Déifferdeng

Zënter 110 Joer gëtt zu Dummeldeng am Lycée privé Emile Metz Schoul gehalen. D'Programme sinn déi offiziell vum Educatiounsministere, d'Schoul ass gratis. An si passt sech der aktueller Demande un: vum September un ginn och Coursen- an enger zweeter Schoul - zu Déifferdeng gehalen, an zwar op englesch!

auto_stories

1 min

headphones

3 min

play_arrow
Den Direkter Pascal Thill

Lauschterenplay_arrow


"Zu Dummeldeng hu mir zënter 2017/ 2018 schon Coursen op Englesch, um Niveau vum Technicien informatique" - seet den Direkter vum Lycée, de Pascal Thill. Dat wier eng Succes Story. Et géif eng grouss Demande um Arbechtsmart mee och vun de Schüler selwer gi virun allem fir Informatikscoursen op Englesch! Op di Demande wëllt een agoen.

Fir den Hierscht solle 5 Klassen zu Déifferdeng opmaachen - all vu 4e un - dorënner notamment 2 Informatiksklassen, 1 an der Mechanik, 1 an der Elektrotechnik an eng CLIJA's Klass. "Mir erwaarde fir di Rentrée tëschent 60 a 70 Schüler" - seet den Direkter Pascal Thill.

Villa Hadir

D'Direktioun vum neie Lycée fënnt en Ënnerdaach an der historescher Villa Hadir aus dem Joer 1897. Schoul gehale gëtt par conter an der aktueller Containerstruktur nieft der Villa. "Déi gëtt elo ganz entkärnt", seet de Pascal Thill - no der Renovatioun, sollen da fir den Hierscht 8 modern Klassesäll do disponibel sinn. An enger zweeter Phase komme weider Container bei - ier dann den Emile Metz an e puer Joer en ganz neit Gebai soll hannert der Villa Hadir - um Plateau des hauts fourneaux hunn, esou de Pascal Thill.