Radioen

On air

Tockcity  |  Justice & Miguel - Saturnine

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "De Manfred Weber ass ee Bréckebauer"

Europapolitik

"De Manfred Weber ass ee Bréckebauer"

D'Europäesch Vollekspartei huet haut hire Spëtzekandidat fir d'Europawahlen 2019 gewielt. Beim Vott huet sech den aktuelle Fraktiounspresident vun der Partei am Europaparlament, de Manfred Weber kloer géint de fréiere finnesche Premier, den Alexander Stubb duerchgesat. De Manfred Weber krut ronn 79 Prozent vun de Stëmmen.

auto_stories

3 min

De Vott ass méi kloer ausgefall, wéi den CSV-President Marc Spautz sech dat erwaart hat. Elo wier et wichteg, datt all d'EVP-Membere sech kloer hanner de Manfred Weber géife stellen, fir datt d'EVP eng Chance kéint hunn, déi stäerkste Fraktioun am Europaparlament ze bleiwen an och domat de Kommissiounspresident ze stellen", sou de Marc Spautz.

Den däitschen CSU-Politiker Manfred Weber ass domadder de Successeur vum Jean-Claude Juncker, dee bei de leschten Europawahlen 2014 de Spëtzekandidat vun der EVP war. Hie war deemools géint de franséische Konservative Michel Barnier ugetrueden an hat dee Vott manner kloer gewonnen. Fir de fréiere Lëtzebuerger Premier hate 60 Prozent vun den Delegéierte gestëmmt.

"Bréckebauer"

De Manfred Weber trëtt als Bréckebauer un, an dat ass him op deem Parteikongress gelongen, seet de Marc Spautz, President vun der CSV, déi Member an der EVP ass. "Gëschter Owend war et méi den Här Stubb, deen iwwerzeegt huet, mee beim leschte Wahlgang ass et dem Här Weber gelonge Brécken ze schloen tëschent de Parteien".

Déi nächst Woche geet et drëm, nozelauschteren, bei d'Leit ze goen, an hinnen eng Äntwert op hir Froe ginn, sou de Gewënner. "Ech si frou, ech wëll elo dës Partei leeden, an dat staarkt Mandat vun der EVP notze fir eng staark Campagne ze maachen an d'europäesch Bierger ze iwwerzeegen", sou de Manfred Weber. Ënnerstëtzt gouf de Manfred Weber vun der ungarescher Fidesz-Partei, ëmmerhin 19 vun den 492 Stëmmen, déi hie krut.

Marc Spautz kritiséiert Orban

Den ungaresche Member vun der EVP war e bëssen den Elefant am Raum - direkt kritiséiert goufe si awer an den offizielle Riede seelen, ausser vum Marc Spautz, deen um Podium sot, den autoritäre Wee vun där Regierung géif net an d'EVP passen.

"Meng Ried huet am meeschte Reaktioune provozéiert - well ech Ungarn kritiséiert hunn. Dat huet och dozou gefouert, datt déi ungaresch Delegatioun gepaff huet, wéi ech déi Saache gesot hunn." Den ungaresche Premier Viktor Orban huet sech iwwerdeems a senger Interventioun net no riets mee zur Mëtt ofgegrenzt. "D'Sozialisten, déi gréng an déi Liberal schaffen op een Europa ouni Wuerzelen hin. Eis Visioun ass een Europa, dat 27 verschidde Gesiichter huet", sou den Orban a senger Ried.

D'CSV, déi sech fir en Ausschloss vu Fidesz aus der EVP ausgeschwat hat, wëllt elo ofwaarden. De Marc Spautz verweist op eng Resolutioun an där kloer Grenzen definéiert ginn, wat d'Rechtsstaatlechkeet ugeet - an do misst sech och den Här Orban drun halen.

Firwat waarden?

"Et ass jo dofir wou ech mengen, datt den Orban muss liwweren. D'Fidesz huet déi Resolutioun matgestëmmt an da kann et net sinn, datt si dono soen, mir woussten näischt dovun."

No deem Parteidag schéngt kloer, d'Zukunft vum Viktor Orban an där Famill ass bis op Weideres net a Fro gestallt.

Wéi engem Kandidat hie seng Stëmm ginn huet, wollt de Marc Spautz net verroden. An der Lëtzebuerger Delegatioun hätten déi eng fir deen een an anerer fir deen anere gestëmmt, sou den CSV-Partei-President.