Radioen

On air

Notturno  |  The Disliked - Salmon

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ De Mouvement Écologique fuerdert méi Gréngs an de Stied

Liewenswäert Stied

De Mouvement Écologique fuerdert méi Gréngs an de Stied

De Mouvement Écologique hätt gär méi Gréngs an de Stied. Vill ze vill Plazen a Gebaier géifen och haut nach esou gebaut ginn, datt se weder sozial nach klimatechnesch en Notzen hätten. Dobäi géif méi Gréngs an de Stied erwisenermoossen d'Hëtzt am Summer reduzéieren, Waasser späicheren an et hätt donieft e positive psychologeschen Effet op d'Mënschen.

auto_stories

3 min

Foto: Screenshot Video Mouvement Ecologique

Et goufen dräi praktesch Beispiller vun urbane Plaze gewisen, déi duerch den Autosverkéier oder awer d'Notzen als Parking verschampeléiert sinn. D'Stalingrad-Plaz zu Esch, d'Place-Saint-Pierre-et-Paul zu Hollerech an d'Stäreplaz zu Miersch. Eigentlech alles Plazen, op deene kee Mënsch sech wëll ophalen. Iwwer eng Simulatioun gouf da gewisen, wéi déi Plazen ouni Verkéier kënne begréngt ginn, eventuell mat Terrassen equipéiert an domat nees eng mënschlech Dimensioun kréien. Leider ass et net eleng bei méi ale Plazen, wou déi Feeler gemaach goufen, ma och renovéiert Plaze wéi d'Paräisser Plaz gesinn dann éischter aus wéi eng schick Plätterchersaustellung amplaz wéi e Uert fir d'Zesummeliewen.

Wéi wichteg ass da Gréngs an de Stied eigentlech? Wéi eng Funktiounen hu Beem a Straich do?

Der Biologin Michelle Schaltz no sinn et eng ganz Rei vu Funktiounen. Eemol maache se Stied méi resilient géint de Klimawandel, well se Fiichtegkeet späicheren, Schied maachen a verhënneren, datt Steng oder Goudron d'Hëtzt reflektéieren. Dat beweist och ganz kloer eng Etüd, déi viru kuerze vum Ëmweltministere realiséiert gouf an déi weist, wéi Stied reegelrecht Hëtztinsele sinn. Gréng Couloiren an zum Beispill Dag- a Fassadebegréngung kënnen do ganz vill ausmaache fir Temperaturspëtzten ze verhënneren. Da späicheren all dës Planzen d'Waasser, wat de Waassermanagement och beim Héichwaasser verbessert. D'Stied sollen am beschte Fall wéi e Schwamm fonctionéieren. Natierlech verbessert sech och d'Biodiversitéit besonnesch bei Insekte wann déi Planze fannen. Dobäi komme Funktiounen als Loftfilter an als Schalldämpfer.

Dat ganzt kënnt awer och dem Mënsch ze gutt?

Jo an och d'Pandemie huet gewisen, datt vill Leit an d'Gréngs geflücht sinn, well et och e positive psychologeschen Effekt huet. De Mouvement wëllt awer, datt net nëmme Leit mat Geld vum Gréngs kënne profitéieren, mee och Leit déi an de Stied an Appartementer wunnen. Uerdentlech Gréngflächen an de Stied demokratiséieren den Accès zu der Natur a spillen och eng sozial Roll.

Bei sou ville Virdeeler muss ee sech froen, firwat net méi konsequent an dem Sënn gehandelt gëtt?

De Mouvement Écologique huet dofir eng Enquête bei de Gemengen, de Ministèren, den Architekten an de Landesplaner realiséiert. Et ginn eng Rei praktesch Froen, wéi Leitungen iwwer déi keng Beem kënne gesat ginn, den Ënnerhalt, Plaze wou fir Mäert oder Kiermesse musse fräi bleiwen, an natierlech d'Plaz selwer déi zu Lëtzebuerg knapp ass. D'Ëmfro huet awer och kloer erginn, datt de Wëllen eigentlech do ass, mee dacks geet scho bei der Planung de legislativen Drock fir an déi Richtung ze goen. Hei misst dem Mouvement no den Inneministère schonn um Niveau vun de PAGen a PAPen d'Jalone gesat ginn. Et ginn do wuel scho Reegelen, mee net ëmmer gëtt do ob Gréngs gesat. Da musse dem Sondage no emmschwellen iwwerwonne ginn an de Staat an d'Gemenge mussen eng Virreiderroll anhuelen. Et kann ee kengem virschreiwe seng Stengwüst aus dem Virgäertchen ze huelen wann een als Gemeng selwer d'Plaz ëm d'Stroossebeem domadder garnéiert.

A wie méi iwwer gréngs an de Stied wëllt gewuer ginn, fënnt eng Rei interessant Webinaren um Site vum Mouvement ënner www.meco.lu