Radioen

On air

Resonanzen  |  Rhapsody net nëmmen 'in blue'

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ De Multilateralismus a seng Grenzen

Fräie Mikro

De Multilateralismus a seng Grenzen

Dee vu Russland ugestiwwelte Krich an der Ukrain huet vill Iwwerzeegungen zerbrach. Wéi vill aner Länner och, muss Lëtzebuerg sech d'Fro stellen, wéi wäit seng Politik, déi op Multilateralismus opgebaut ass, ëmgekrempelt muss ginn, mengt de Journalist an Auteur Laurent Moyse a sengem Fräie Mikro.

auto_stories

4 min

De Laurent Moyse ass Auteur a Journalist. Foto: Archiv

Am Abrëll 2007 huet d'Soteg, e Fournisseur vun Äerdgas, deen haut ënner dem Numm Enovos leeft, en Accord mam russesche Liwwerant Gazprom ënnerschriwwen, fir eng Turbinn an Däitschland ze bauen, déi duerch Nordstream sollt lafen an domat d'Ukrain ëmgoe sollt. Wéinst der Finanzkris vun 2008 an hire Repercussiounen op d'Weltwirtschaft ass de Projet schlussendlech net verwierklecht ginn.

Déi komplex Ëmstellung vum Energieverbrauch

Laut offiziellen Informatioune bezitt Lëtzebuerg aktuell ee Véierel vu sengem Gas aus Russland. Seng Energiepolitik hänkt staark mat där vun der EU zesummen, a virun allem mat där vun den Nopeschlänner.

Den Discours vu Nohaltegkeet, deen eise politeschen Alldag zanter Joren duerchdréngt, kléngt deemno zimmlech huel. D'Ëmstellung vun eisem Energieverbrauch ass esou komplex, datt d'Attitüd vun de verschiddenen Acteuren - inklusiv Fournisseuren an Endverbraucher - dacks wéineg glafwierdeg ass.

Den Energieberäich ass net deen eenzegen, deen eise Staat viru kruzial Froe stellt. Déi intensiv Finanz- a wirtschaftlech Bezéiungen zu autokratesch geféierte Länner werfen ëmmer erëm e Schied op den Afloss, deen autoritär Regimmer op Demokratien ausüben.

Dat spigelt sech erëm, ënner anerem an de virsiichtegen Aussoe vun eiser Aussepolitik géintiwwer repressive Regimmer, déi enk mam Grand-Duché verbonne sinn, a wou eis Autoritéite sech gär hanner der EU-Diplomatie oder anere multilaterale Kanäl verschanzen.

Verdeedegungs- a Migratiounspolitik ënner Drock

Och eis Verdeedegungspolitik steet ënner engem staarken Drock, virun allem am Kader vun der NATO. Virun Joren ass d'Fuerderung no enger Erhéijung vum Militärbudget bei eise Politiker op d'liicht Schëller geholl ginn: Et war net méi wéi e klenge Steen, deen am Schong gedréckt huet.

Wéi sech den Drock säitens den USA verstäerkt huet, ass du versicht ginn, deen Deel vum Budget kënschtlech opzeblosen, fir no baussen eng besser Figur ofzeginn. Eng reell Verdeedegungsstrategie, déi am Aklang mat eise strategesche Partner ausgeschafft gët, gesäit anescht aus.

A Saache Migratioun ass d'Politik och stänneg an en Defensemodus geroden. Lëtzebuerg huet zwar d'Chance, datt et mat Ausnam vum Findel keng EU-Baussegrenz huet. Trotzdeem ass eist Land vill mat Flüchtlingsfroe beschäftegt a bréngt et net fäerdeg, sech mat den aneren EU-Länner op eng gemeinsam Strategie ze eenegen.

Dat wier besonnesch wichteg, well eng ganz Rei Regimmer aus dem Süden, mee och aus dem Osten d'Migratioun als politesch Waff benotzen an d'Schleisen op oder zou maachen, sou wéi dat hinnen passt.

Do hunn déi schéinst diplomatesch Floskelen iwwer d'Mënscherechter kee grousst Gewiicht virun der knallhaarder Realpolitik.

D'Demokratesch Strukture stäerken

De Krich an der Ukrain, deen de Wladimir Putin scho wochelaang virun dreift, huet all déi Problemer méi akut gemaach. Sie sinn net nei a wäerten och net vun haut op muer kënne geléist ginn.

Mir mussen eis allerdéngs Gedanke maachen, wéi mir an Zukunft eis Demokratie wëlle verdeedegen. An zwar net nëmmen op militäreschem Plang, mee och a Saachen Informatioun.

D'Walcampagnen an den demokratesche Länner gi bewosst vu Muechte beaflosst, déi all Interêt hunn, déi ëmmer méi grouss Spaltungen an eiser Ëffentlechkeet unzeheizen an domat déi legitim demokratesch Debatt ze ënnerhuelen.

Mir mussen eis d'Mëttele ginn, fir eis demokratesch Strukture weider ze stäerken an déi illiberal Tendenzen ofzewieren, déi den Opklärungsgeescht vun eiser Gesellschaft - dee mir am Laf vun eiser Geschicht opgebaut hunn - wëlle réckgängeg maachen.

muer kënne geléist ginn.

Mir mussen eis allerdéngs Gedanken maachen, wéi mir an Zukunft eis Demokratie wëllen verdeedegen. An zwar net nëmmen op militäreschem Plang, mee och a Saachen Informatioun.

D'Walcampagnen an den demokrateschen Länner ginn bewosst vun Muechten beaflosst, déi all Interêt hunn, déi ëmmer méi grouss Spaltungen an eiser Ëffentlechkeet unzeheizen an domat déi legitim demokratesch Debatt ze ënnerhuelen.

Mir mussen eis d'Mëttelen ginn, fir eis demokratesch Strukturen weider ze stäerken an déi illiberal Tendenzen ofzewieren, déi den Opklärungsgeescht vun eiser Gesellschaft - dee mir am Laf vun eiser Geschicht opgebaut hunn - wëllen réckgängeg maachen.


Mam Zil fir déi ëffentlech Debatt ze fërderen, invitéiert de radio 100,7 am Fräie Mikro Leit aus der Zivilgesellschaft fir aktuell Theemen ze kommentéieren. De Fräie Mikro ass e Gaaschtbäitrag mat Richtlinnen, am Respekt vun eisem Cahier des Charges, ënner der finaler Responsabilitéit vum radio 100,7. Dëse Bäitrag gëtt d'Meenung vu sengem Auteur erëm an net vun der Redaktioun.