Radioen

On air

De Moien  |  Matthew Wilder - Break My Stride

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ De Palais an engem internationale Konflikt

Kitesurfen zu Dakhla

De Palais an engem internationale Konflikt

De groussherzoglechen Haff huet d'lescht Woch op sengem offiziellen Internetsite e Communiqué publizéiert mam Titel: "Echappée sportive au Maroc". De Grand-Duc Henri a säi Fils, de Prënz Sébastien hunn an der Küstestad Dakhla d'Waassersportart Kitesurfen ausprobéiert. Domat verwéckelt sech den Haff an eng sensibel diplomatesch Affär: dem internationalem Recht no läit Dakhla nämlech net am Maroc, sou wéi de Communiqué vum 10. September et uginn huet, mee am Gebitt Westsahara. Well de Grand-Duc awer ënner der Obhut vun der marokkanescher Regierung, déi d'Stad Dakhla effektiv militäresch kontrolléiert, an d'Westsahara agereest ass, werft dëst vëlkerrechtlech Froen op.

auto_stories

3 min

Grand-Duc Henri

Zanter 2016 huet och den europäesche Geriichtshaff zu Lëtzebuerg duerch eng Rei Uerteeler bestätegt, datt d'EU keng marokkanesch Souveränitéit iwwer d'Westsahara unerkennt. Datt de Fall Westsahara relativ onbekannt bleift, läit och dorunner, datt Rabat d'Aktivisten an déi méi kritesch Stëmmen aus der Westsahara duerch Folter, laang Prisongsstrofen an Deportatiounen ënnerdréckt.

Deemno deet de Communiqué aus dem Palais staunen: kann et sinn, datt den Haff dës geopolitesch Zesummenhäng ignoréiert? Sécher ass: fir dem Grand-Duc seng Reese ginn ëmmer déi noutwenneg Sécherheetsmesurë getraff, och fir d'Vakanzen.

Ass et dann éischter esou, datt den Haff sech wollt politesch äusseren an d'Annexiounspolitik vu Marokko an der Westsahara guttheeschen?

Fir de Mhammad Khaddad, Responsabel fir d'Aussebezéiunge vun der Polisario Front, also déi Nationalbefreiungsbeweegung vum sahraouesche Vollek, ass de Besuch vum Grand-Duc zu Dakhla definitiv eng politesch Affär.

"Cette visite du Grand-Duc, à Dakhla occupée, est un pas dans l'illégalité. C'est un manquement au droit international. Et à la décision de la Cour Européenne, dont le siège est à Luxembourg lui-même, et qui dit que le Maroc et le Sahara sont deux territoires distincts et séparés. Et le Luxembourg, en tant que petit pays et petit peuple, qui a été plusieurs fois occupé est bien placé pour comprendre ce que c'est que l'occupation. Et bien entendu, si il existe aujourd'hui, c'est par respect de la légalité et du droit international."

De Grand-Duc misst eigentlech Zoustëmmung anhuelen

Op Nofro hin erkläert de Palais, datt de Grand-Duc net offiziell, mee "à titre strictement privé" zu Dakhla gewiescht wier.

Dëst werft Froen op iwwer de Statut vum Grand-Duc - zum Beispill: ass de Grand-Duc eng Privatpersoun oder representéiert hien ëmmer de lëtzebuergesche Staat? De Professer Thomas Giegerich, Spezialist am Europäeschen- a Vëlkerrecht beim Europea Institut vun der Saarland-Universitéit mengt, datt de Grand-Duc als europäesche Staatschef sech och a senge Vakanzen un déi offiziell europäesch Positioun hale misst. An deem Fall, datt d'Westsahara net zu Marokko gehéiert.

"An diese Position der EU sind, weil es sich um eine Position handelt, die völkerrechtlich vorgegeben ist, die EU-Mitgliedstaaten und damit auch Luxemburg gebunden. Und das luxemburgische Staatsoberhaupt muss die völkerrechtlichen Vorgaben beachten, selbst wenn er als Privatperson reist, weil er nie wirklich privat reisen kann. Das ist eben mit seinem völkerrechtlichen Status als Staatsoberhaupt verbunden. Er muss deswegen auch vor privaten Besuchen in irgendeinem Staat die Zustimmung der zuständigen Regierung einholen. Und die zuständige Regierung für die Westsahara ist nicht die marokkanische."

Laut dem Professor Giegerich kann nëmmen d'Polisario Front an net déi marokkanesch Regierung, am Numm vun den Sahraouis d'Arees vun engem auslännesche Staatschef zu Dakhla geneemegen. De Mhammad Khaddad, Vertrieder vun der Polisario Front, bedauert, datt hinne keng offiziell Demande aus Lëtzebuerg virleit.

Zanter eiser Ufro sinn d'Donnéeën um Site vum Palais interessanterweis geännert ginn. De Communiqué iwwer déi groussherzoglech Vakanz titelt net méi Marokko als Destinatioun, mee just nach Dakhla.