Radioen

On air

E-Lodie  |  Metal Meltdown

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "De pedagogesche Suivi assuréieren"

Daachverband vun de Museksorganisatiounen

"De pedagogesche Suivi assuréieren"

D'Union Grand-Duc Adolphe hätt genuch Leit, fir d'Musekscoursen z'assuréieren. Dat seet d'Presidentin vun der UGDA, Martine Deprez. Wichteg wier et, de pedagogesche Suivi vun de Schüler z'assuréieren, och am Fall vun engem Congé de maternité oder engem Congé de maladie de longue durée.

auto_stories

2 min

Déi ronn 200 Chargés de cours géifen en Vue vun der Demande an de Gemengen agesat ginn, esou d'Martine Deprez. Ee groussen Deel vun hinnen hätt ee feste Kontrakt. E puer géifen awer och eenzel Stonnen halen, fir hir Tâche opzefëllen. De groussen Defis wier d'Schoulorganisatioun am Hierscht. Et wéilt ee garantéieren, datt wann ee Schüler sech op en Exame virbereet, datt hien dee selwechte Chargé behält.

Pädagogesch wier et prioritär, datt den Enseignant bleift, och no engem Congé de Maternité oder engem Congé de maladie de longue durée. Deen Ersatz, deen agesprongen ass, fir e Concours virzebereeden, géif och duerno bleiwen, ënnersträicht d'Presidentin vun der UGDA. Deen Enseignant, deen erëmkënnt, misst dee Moment vläicht op enger aner Gemeng goen. Prioritär wier de pedagogesche Suivi, esou d'Martine Deprez.

Donen net 1:1 transferéiert

D'Donen, déi der Union Grand-Duc Adolphe iwwerwise goufen, däerfen net eent zu eent un d'Veräiner transferéiert ginn. Dat huet d'Steierverwaltung am Oktober no enger Ongereimtheet entscheet. Zënter 1990 konnten dës Donen un d'UGDA vun de Steieren ofgesat ginn. An Zukunft sollen d'Donen fir d'Veräiner der Steierverwaltung no deemno un de Focuna, de nationale Kulturfong, goen, fir datt se besser iwwerpréift kënne ginn.

Fir ze verhënneren, datt Done fir d'Federatioun un d'Veräiner weiderginn, géif een d'Donen elo halen, esou d'Martine Deprez, a se de Fall gesat als Subsid un d'Veräiner weiderleeden. Op d'Fro, ob dës Entscheedung mat der Steierverwaltung ofgeschwat wier, seet d'Martine Deprez datt ee kucke misst, wéi d'Leit um Terrain reagéieren. D'Administration des contributions hätt gesot, et kéint een net de Preposéë vun de Büroe virgräifen. Et wier un all Preposé vun all Büro seng Aarbecht ze maachen. "Wann déi mengen, datt eppes net esou gelaf ass wéi et soll, da kéint et sinn, datt si dat erëm signaliséieren."

D'lescht Joer krut d'UGDA Done vun am Ganzen 320.000 Euro. Den Daachverband vertrëtt iwwer 300 Veräiner, ënner anerem aus de Beräicher Musek, Danz an Theater, an ass mat ronn 12.000 Memberen ee vun de gréisste Verbänn zu Lëtzebuerg. D'Martine Deprez ass och Member vum nationale Comité vun der CSV an zënter 2012 am Staatsrot.