De ganzen Interview mat der Lydie Polfer (30.12.2021)
D'Stad Lëtzebuerg hat d'Lokal op der Nummer 70 gelount mat engem Bail dee bis den 31.12. leeft. Doriwwer eraus wollt de Proprietär vum Gebai net goen.
"E wollt en (de Bail n.v.d.R.) eben net verlängeren an e wollt e mengen ech besonnesch net verlängere wéinst dem Impfzenter, dat huet een dann eben esou missten unhuelen."
"Enger Rei Leit" hätt et "net sou gefall", datt op där Plaz sou vill Passage war, sou déi Stater Buergermeeschtesch Lydie Polfer.
De Covid-Testzentrum op der Theaterplaz bleift awer weider bestoen. Allerdéngs kënnen déi präisreduzéiert Test-Bongen do just nach muer Freideg ageléist ginn. Een Test kascht do duerno dann 15 amplaz fënnef Euro.