Radioen

On air

Den Nomëtteg  |  Fell Runner - Come Home

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ De Premierminister bedauert, datt et keng komplett nei Verfassung wäert ginn

Verfassungsreform

De Premierminister bedauert, datt et keng komplett nei Verfassung wäert ginn

De Premier Xavier Bettel bedauert, datt et keng komplett nei Verfassung wäert ginn. Am Koalitiounsaccord vun Dezember 2018 haten DP, LSAP an déi Gréng sech d'Ziel gesat, vun engem nei Grondgesetz: eng modern Verfassung, déi di politesch an institutionell Realitéite rëmgespigelt, hat et viru knapp engem Joer geheescht.

auto_stories

1 min

"Et ass bedauerlech datt et keng ganz nei Verfassung gëtt, mee et ass awer begréissenswäert, datt op dësem Wee de Gros vun deem neien Text an déi al Verfassung kann iwwerholl ginn", esou haut de Xavier Bettel op eis Nofro hin. Doduerch wier et méiglech, datt d'Land en fin de compte awer eng wesentlech méi modern Verfassung kréich, heescht et an der schrëftlecher Reaktioun vum Regierungschef.

No der Sitzung vun der zoustänneger Chamberkommissioun virgëschter war matgedeelt ginn, datt et keng komplett nei Verfassung wäert ginn, mee datt dat aktuellt Grondgesetz iwwert déi nächst Joren a Phase soll reforméiert ginn.