Am Moment leet de Staat 8.000 Euro beim Kaf vun engem voll-elektresche neie Won bäi, egal wéi ee Modell. Ma déi héich Zoulag gëtt et an Zukunft wuel just nach fir kleng Modellen, fir méi grouss E-Autoe gëtt et (wéi et ausgesäit) manner. Zil wier et, fir och Leit mat manner Akommes, den Ëmstig op en Elektroauto ze erliichteren.
Duerch den Asaz vu sozialen an ekologesche Krittäre wéilt een an Zukunft méi "cibléiert" virgoen, sou d'Carole Dieschbourg. Grouss Autoe géifen tendenziell méi Energie brauchen an dofir wier et noutwendeg d'Primme fir sou Autoen "erofzesetzen".
"Fir den (Plug-in-)Hybrid-Auto, do steet am Klima- an Energieplang, dass mer e phase-out maachen, do wäerte mer stufeweis fueren", sou d'Ëmweltministerin. Mat anere Wieder: den 2.500 Euro-Subsid fir en Hybrid-Auto mat enger Batterie, déi een opluede kann, wäert an Etappen auslafe gelooss ginn. Méi an den Detail wollt d'Ëmweltministerin nach net goen. De Regierungsrot géif geschwënn eng Decisioun huelen.