Radioen

On air

Notturno  |  RF Shannon - Heathen Nights

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ De Publifin-Skandal

Belsch

De Publifin-Skandal

En zousätzlecht Akommes vu bis zu 35.000€ brutto am Joer fir näischt ze maachen, dat ass gutt bezuelt. Jorelaang hu politesch Mandatairen zu Léck an der Belsch profitéiert. Bis viru kuerzem d'Wochenzeitung Le Vif/L'Express d'Situatioun opgedeckt huet. Illegal ass un der Situatioun eigentlech näischt. An engem schwieregen ekonomesche Kontext, wou d'Regierunge Spuermoossnamen huelen an d'Politiker zu Transparenz opruffen, sinn esou Zomme schwéier ze rechtfertegen.

auto_stories

2 min

Den Numm Publifin war bis viru kuerzem deene meeschten Awunner vun der Lécker Regioun kee Begrëff. Et ass den neien Numm vun Tecteo, enger Intercommunale, déi der Provënz Leck a 76 Gemenge gehéiert. Domat ass si eigentlech nëmmen eng eidel Schuel. Well d'Gestioun vun den eigentlechen Aktivitéite vun der Intercommunale gëtt zanter laangem vun enger privater Firma assuréiert: Nethys.

D'Societéit ass virun allem an de Secteure vun der Energie, der Teledistributioun an der Kommunikatioun aktiv, mat de Marken VOO fir Televisioun an Internet, oder nach Be-TV, de Belsche Pendant vu Canal+. Hir gehéiert och ee Pressegrupp. D'Firma Nethys muss net deene selwechte legale Regele follegen, wéi eng richteg ëffentlech-rechtlech Intercommunale dat misst maachen. Genee hei läit dann och de Problem.

Gëllene Parking fir Politiker

Mat de Fusiounen an Absorptioune vu méi klengen Intercommunalë goufen eng Rei Comitée gegrënnt, déi de Verwaltungsrot a verschiddenen Domaine sollte beroden. Konkret wieren dës Comités de Secteur mat zwou bis dräi Reuniounen am Joer awer "bidon", also ouni Fong a Missioun. Dat schreift d’Wochenzeitung Le Vif/L'Express. Si wiere just e gëllene Parking fir eng Rei lokal Politiker, deenen dat eent oder anert Mandat géif feelen. Dat ganzt mat generéise Kompensatiounen: Iwwer eng Period vun dräi Joer kruten d'Presidente vun de Comitéen 112.000€ brutto. An d'Memberen ongeféier 67.000€. Egal ob si bei deene siwen oder aacht Reuniounen opgedaucht sinn oder net. Dat ass méi wéi de Mindestloun an der Belsch.

Dat schockéiert natierlech, well betraff si Parteie vun alle politesche Borden, also Sozialisten, Chrëschtdemokraten a Liberaler, mat Ausnahm vun Ecolo an dem Parti des Travailleurs de Belgique. Politiker also, déi zanter Joren op Transparenz pochen, an och op d'Proximitéit zum Vollek. De Problem ass awer och, datt de System net fundamental illegal ass, vu datt et sech quasi ëm eng privat Firma handelt.

Iwwerraschung bei de Mandatairen

No der Verëffentlechung vun der Lëscht vun de Mandatairen an hire finanzielle Kompensatioune waren der eng Rei iwwerrascht. Si wéisste mol net, datt si do an engem Comité géife sëtzen. Anerer hunn de Montant kontestéiert, an nach Anerer versprach, d'Montanten u karitativ Organisatiounen z'iwwerweisen. D'Intercommunale huet hirersäits iwwer hir Gestiounsfirma déi ominéis Comités de Secteur vun engem Dag op deen aneren ofgeschaaft. Wat och villes iwwer d’Wichtegkeet vun dëse Gremien ausseet.

Op jidde Fall wier et héich Zäit, wann hei déi ëffentlech Hand géif Uerdnung schafen, a wann esou Monster-Intercommunalë sech erëm op hir éischt Missioun géife konzentréieren: Den Déngscht um Bierger.