Radioen

On air

Notturno  |  Chick Corea - Windows

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "De Renvoi ass déi schlëmmste Sanktioun"

Educatioun

"De Renvoi ass déi schlëmmste Sanktioun"

D'Schoulmediatrice Lis de Pina huet den Androck, datt Schülerinnen a Schüler, déi virun e Conseil de discipline geruff ginn, a ville Fäll ze séier vun der Schoul verwise ginn. Si wéilt domat awer net soen, datt déi disziplinaresch Grënn, déi zum Renvoi féieren, net valabel wieren.

auto_stories

2 min

An der Prozedur wieren nach aner Sanktiounen an edukativ Mesurë virgesinn, op déi een zréckgräife kéint, ier een de Schüler vun der Schoul geheit, esou d'Lis de Pina. Och wann dat am Gesetz net ganz kloer wier, sou wier géifen de Commentaire des articles an d'Jurisprudenz kloer soen, datt de Renvoi déi schlëmmst Sanktioun wier an deemno och déi lescht Mesure wier.

D'Missioun vum Service de la médiation scolaire, deen elo am 3. Joer existéiert, ass et dozou bäizedroen, dass esou mann Schüler wéi méiglech decrochéieren ier se en Ofschloss hunn, also d'Schoul ouni Diplom verloossen.

Gesetzlech ass Onofhängegkeet net garantéiert

130 mol ass de Schoulmediateur am Laf vum Schouljoer 2019-2020 saiséiert ginn, an engem vun den dräi Fäll, an deenen en agräife kann: wann eng Schülerin oder e Schüler riskéiert d'Schoul ouni Ofschloss ofzebriechen (aus wéi engem Grond och ëmmer), wann et Problemer gi bei der Inclusioun vun engem Kand mat spezifesche Besoinen, oder wa Schwieregkeeten optriede bei der Integratioun vun engem Jonke mat Migratiouns-Hannergrond.

D'Médiation scolaire existéiert elo am drëtte Joer, si ass e Service vum Educatiounsministère. Kann en an där Konstellatioun onofhängeg schaffen? D'Schoulmediatrice Lis de Pina gëtt zou, datt d'Gesetz keng Onofhängegkeet garantéiert.

"Ech muss awer soen, datt de Minister eis awer als e ganz onofhängege Service wëllt, hien hält sech do ganz eraus aus eisen Dossieren. Ech schwätze ganz éierlech mam Minister, mam Cabinet, ech soen d'Saache wéi se sinn, dat ass mäi Metier."

Sollt en anere Minister kommen, deen dat anescht géif upaken, da kéint dat e Problem ginn, gëtt d'Lis de Pina zou, mee "ech weess awer net, wou den Avantage vun deem Minister wier, eis dann do ze blockéieren. Da kann de Service grad esou gutt zoumaachen."