Radioen

On air

De Moien  |  Moiespanorama

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ De Roy Reding kritiséiert de Parquet - d'Justizministerin reagéiert

No Aussoen op Twitter

De Roy Reding kritiséiert de Parquet - d'Justizministerin reagéiert

Wéi onofhängeg schafft de Parquet? Iwwer dës Fro gouf et op Twitter een Austausch tëschent dem Roy Reding an der Justizministerin Sam Tanson. Den ADR-Deputéierten a Jurist kritiséiert, datt et hei am Land eng "politesch Justiz" géif ginn. Hien hat d'lescht Woch geschriwwen "Mir wësse jo wien decidéiert, wat klasséiert gëtt a wat net". Domat hat de Roy Reding op een RTL-Bäitrag reagéiert, an deem et geheescht hat, datt eng Rei Plaintë vum ADR-Politiker Fred Keup wéinst Aussoen op Facebook vum Parquet klasséiert gi waren. D'Justizministerin Sam Tanson fënnt et "extrem beonrouegend", wa mat Argumenter géif geschafft ginn, déi ee vun extreme Mouvementer géif kennen.

auto_stories

5 min

"Mir sinn zu Lëtzebuerg an enger neier Ära ukomm", stellt d'Justizministerin an hirer Reaktioun op d'Kritik vum ADR-Deputéierte Roy Reding fest. Soubal een d'Justiz an hir Decisiounen a Fro stellt an drop verweist, si wiere politesch motivéiert, wier dat een "extrem geféierlechen Terrain", kritiséiert déi gréng Politikerin.

D'Kritik vum Roy Reding wier an dësem Fall net argumentéiert, sou d'Sam Tanson.

"An zweetens eppes wou ee wierklech eng ganz wichteg vun eisen Institutiounen a Fro stellt, andeem ee se iergendwéi probéiert an e Liicht ze réckelen, fir dann domat kënnen hir Decisiounen a Fro ze stellen. Dobäi ass e wichtege Prinzip vun dem Fonctionnement vun eiser Justiz, datt se onofhängeg ka fonctionéieren an also eben och net ënner dem politesche Juck steet."

De Roy Reding stéiert sech drun, datt de Parquet - senger Meenung no - eng "onwarscheinlech Muecht" hätt. Mat enger parlamentarescher Fro un d'Justizministerin wëllt den Deputéierte gewuer ginn, wéi vill Affäre pro Joer klasséiert ginn oder verjäre gelooss ginn.

"An do stellt sech déi berechtegt Fro, wie kontrolléiert dat doten? Ass et méiglech oder ass et net méiglech - an ech soen et ass méiglech - datt e Member vum Parquet eng Persoun net poursuivéiert, well se déi vläicht kennt oder well se deen ebe wëllt verschounen an eng aner Persoun poursuivéiert, well se eng perséinlech oder eng politesch oder wat och ëmmer geaartet Ursaach dofir huet. An dat kann ech och beleeën, datt dat esou ass."

Konkret Fäll nennt de Roy Reding net

Den ADR-Deputéierte bezitt sech engersäits op Plaintë vu sengem Parteikolleeg Fred Keup, déi - laut Roy Reding - "systematesch" géife klasséiert ginn. Op där anerer Säit géifen et Poursuitte gi bei deenen et ëm "perséinlech Motiver" géif goen. De Roy Reding ënnerstellt dem Procureur d'Etat Jean-Paul Frising dobäi "perséinlech Motiver".

"Absolut, dat maachen ech. An zwar a mon égart an à l'égart vu menger Fra, vu menger Famill. An dat ass esou wäit gaangen, datt ganz héich gestallte Perséinlechkeete mir gesot hunn, ma wat hutt Dir deem Här Frising ugedoen, datt deen Iech esou haasst?"

Ëm wéi eng Fäll et dobäi geet, wollt de Roy Reding net verroden. Wat seng Kritik um Procureur d'Etat ugeet, geet den Deputéierten awer nach e Schrack méi wäit.

"Ech soen, ech kann Iech duerch Häufung vu Poursuitten an och vun der Qualitéit, nämlech der net existenter Qualitéit vun deene Beschëllegungen, kann ech Iech beweisen, datt ech a meng Famill vum Här Frising harceléiert ginn. An ech hunn dat och schonn esou zu Protokoll gi bei der PJ an dat wäert seng néideg Suitte kréien. [...] Ech iwwerleeë mir, ob ech eng Citation directe maachen, well ech net weess, wann ech eng Plainte géif maachen, ob de Parquet déi net géif klasséieren."

Wat den Hannergrond vu senger Kritik ass, wëllt den ADR-Deputéierten - wéi gesot - net soen.

Sam Tanson: Justiz soll ouni Argumenter an e schlecht Liicht geréckelt ginn

De Parquet hätt net wëlles op d'Kritik vum ADR-Deputéierte Roy Reding ze reagéieren, esou d'Äntwert op eis Ufro no enger Reaktioun vum Jean-Paul Frising. Zur Kritik vum Deputéierte Roy Reding un den Decisioune vum Parquet, betount d'Justizministerin Sam Tanson, datt dëst Diskussioune wieren, wéi ee se bis elo hei am Land net gehat hätt.

Et hätt een natierlech ëmmer d'Recht fir eng Decisioun vun der Justiz ze kritiséieren, wann ee sech mam Inhalt géif auserneesetzen, oder andeems ee juristesch Argumenter uféiert. Dat wier hei net de Fall, sou d'Sam Tanson.

"Dat ass jo och en plus keen Argument, et gëtt einfach nëmme gesot, et ass eng politesch Justiz. Firwat dat esou ass, sief dohi gestallt. Dat sinn typesch Methoden, wéi mer se vu rietspopulistesche Parteie kennen, déi een ëmmer méi och an Europa fënnt, wann een net d'accord ass, mat Decisiounen, déi vun der Justiz geholl ginn, da gëtt dat an dat dote Liicht geréckelt. Dat hoffen ech wierklech, datt dat net de Wee ass, dee mer amgaang sinn hei - oder dee verschidde Parteien oder eng Partei - amgaang ass zu Lëtzebuerg anzeschloen. Dat géif ech wierklech ganz bedenklech fannen."

"Extrem bedenklech a wierklech richteg populistesch"

Obwuel et nach keng Äntwert op seng parlamentaresch Fro vun een Donneschdeg gëtt, schwätzt den ADR-Deputéierte Roy Reding vun "Dausende vun Affären", déi all Joer vum Parquet géife verjäre gelooss ginn oder géife klasséiert ginn - an dat ouni eng Kontroll.

D'Ministerin stellt d'Fro, wien dat da kontrolléiere soll. "Ass dat da vun der Politik, wou e sollt kontrolléiert ginn? Da wiere mer jo absënns nach vill méi an enger politescher Diskussioun. Dofir, ech kann déi ganz Diskussioun net novollzéien. Ech fannen et extrem bedenklech, an ech fannen et och wierklech richteg populistesch, well et gëtt einfach probéiert, een an e schlecht Liicht ze réckelen, ouni ze soe wisou an ouni dat Ganzt mat kloer argumentéierte Faiten ze beleeën", sou d'Sam Tanson.

Roy Reding schwätzt vu "systematesche Poursuitten"

De Roy Reding behaapt, hie kéint noweisen, datt et "systematesch Poursuitte" géife ginn, an hie kritiséiert, "datt dat mat enger légèreté blamable geschitt, dans l'unique but de nuire", sou de fréieren Affekot.

"An ech ka keng privat Ursaach ausmaachen, da musst Dir mir erlaben, datt et eng politesch Ursaach gëtt, datt do einfach probéiert gëtt, den ADR-Deputéierten, dee fir d'Justice zoustänneg ass, monddout ze maachen an anzeschüchteren. Dat ass d'Impressioun, déi ech perséinlech hunn."

De grénge Partei-President Christian Kmiotek hat op Twitter un de Roy Reding appelléiert, "Ross und Reiter" ze nennen. Den ADR wier definitiv um AfD-Niveau ukomm, esou huet den LSAP-Fraktiounschef Georges Engel op d'Kritik vum Deputéierte Roy Reding reagéiert.