Radioen

On air

De Moien  |  Jesca Hoop - Hatred Has A Mother

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ De russesche Krich verlagert sech an den Oste vun der Ukrain

Krich an der Ukrain

De russesche Krich verlagert sech an den Oste vun der Ukrain

Déi laang erwaart russesch Militäroffensiv am Oste vun der Ukrain huet nach net ugefaangen, seet de Pentagon zu Washington. Unzeeche vun engem neien Umarsch ginn et der vill um Terrain an der Donbas-Regioun. De russesche President Wladimir Putin seet, datt d'Invasioun wäert weidergoen, bis de Kreml seng Ziler erreecht hätt.

auto_stories

2 min

Lauschterenplay_arrow

D'Ziler vu Moskau sinn nach ëmmer net kloer. Et schéngt, wéi wann et fir d'éischt drëms géif goen, esou vill Terrain wéi méiglech an der ëstlecher Donbas-Regioun ze kontrolléieren. Hei ass zanter 2014 en Deel vun der Regioun ënner der Kontroll vu prorussesche Separatisten.

Am Ufank vun der russescher Invasioun si russesch Truppen séier an dësen Deel amarschéiert, mee si wëlle méi. E puer Deeg virun der russescher Invasioun goufen déi selbsternannt autonom Republicke vu Russland unerkannt an de Wladimir Putin seet, déi missten elo beschützt ginn.

Militäresch Ugrëff gi weider

Ee Convoi vu Panzer an aner Gefierer ass ënnerwee aus der Géigend vu Charkiw, der zweetgréisster Stad an der Ukrain, a Richtung Isjum, am Zentrum vum Donbas.

Et ginn ëmmer méi Loftugrëff am Oste vun der Ukrain, mee och an aner Géigenden. An de leschte 24 Stonne wiere militäresch Ziler am Südwesten an an der Géigend vu Kiew getraff ginn, seet Russland.

D'Ukrain huet schonn zéngdausenden Zaldoten am Donbas, vill vun hinne sinn op där sougenannter Grenz, wou pro-russesch Separatisten an d'ukrainesch Arméi schonn aacht Joer laang openeen treffen.

Fir déi ganz Géigend ze kontrolléiere missten d'Stied Mariupol am Südosten, a Charkiw am Nordosten ënner russescher Kontroll sinn. Béid sinn ëmkämpft, mee Mariupol kéint scho geschwënn a russescher Hand sinn.