Radioen

On air

Notturno  |  William Tyler & The Impossible Truth - Area Code 601

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ De Staat keeft hallwen ArcelorMittal-Siège

Gesetzesprojet

De Staat keeft hallwen ArcelorMittal-Siège

De Staat keeft d'Hallschecht vum neie Siège vun ArcelorMittal, deen um Kierchbierg amgaang ass gebaut ze ginn. E mécht dat fir 273,5 Milliounen Euro - wat 50 Prozent vum reelle Baupräis entsprécht. Well dee Montant iwwer 40 Milliounen Euro läit, muss d'Chamber den Accord ginn. De Gesetzesprojet dofir gouf d'lescht Woch deposéiert.

auto_stories

2 min

Lauschterenplay_arrow


De Staat keeft enger privater Entreprise d'Hallschent vun hirem Gebai of, wäert déi Hallschent och selwer notzen, sech d'Raimlechkeeten also mat där privater Entreprise deelen. De Vize-Premier a Bauteminister François Bausch gëtt zou, datt dat keng Transaktioun wéi eng aner ass. Hie betount, datt een et duerchaus speziell fanne kéint, well et am Ufank net esou virgesi war.

Kompromëss fir de Staat

Vun Ufank u war wuel kloer, datt d'Gebai fir ArcelorMittal eleng ze grouss wier, mee eréischt méi spéit gouf kloer, datt et souguer vill ze grouss wier, well manner Leit op de Siège schaffe komme wéi virgesinn, an datt et och méi schwéier wéi geduecht géif ginn, déi fräi Plaz am Gebai ze verlounen. Du koum de Staat an d'Spill.

"Also mir kafen déi 50 Prozent do net just fir der Arcelor e Gefalen ze maachen, mee well mir och e reelle Besoin hunn."

Fir d'Administration des Bâtiments publics z. B., déi 2026, wann de K22, wéi geplangt fäerdeg gëtt, aus hiren enken an e bëssen däischtere Büroen an der Alstad an deen hellen Neibau mat vill Open space eriwwer plënnert. Zwou Mécken op ee Schlag, seet de Minister Bausch:

"Mir hunn engersäits dat kritt, wat mir wollten, nämlech datt mir de Siège vum weltgréisste Stolkonzern zu Lëtzebuerg behalen. An dat zweet ass: Mir profitéieren andeems mir 50 Prozent vum Baupräis iwwerhuelen an doduerch staatlech Administratioune kennen drasetzen."

Scho wéi ArcelorMittal deen ale Siège um Rousegäertche wollt lassginn, huet de Staat gehollef e Repreneur ze fannen (d'Spuerkees), elo also eng weider Faveur fir de Stolkonzern. De François Bausch streit net of, datt et ongewéinlech wier, wann de Staat sech ee Gebai mat enger Privatboîte deelt. Hien ënnersträicht, datt et ee Kompromëss wier, deen ee maache géif.