Radioen

On air

Den Nomëtteg  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ De Vaccin als "Liicht um Enn vum Tunnel"

Impfstrategie géint Covid-19

De Vaccin als "Liicht um Enn vum Tunnel"

Als weidert Element am Kampf géint de Coronavirus huet d'Regierung déi national Impfstrategie presentéiert. De Vaccin gëtt gratis an net obligatoresch. D'Personal aus dem Gesondheetssecteur soll prioritär eng Invitatioun kréien.

auto_stories

2 min

D'Gesondheetsministerin Paulette Lenert an de Premier Xavier Bettel. Foto: SIP / Jean-Christophe Verhaegen (Archiv)

D'Personal aus dem Gesondheetssecteur soll prioritär geimpft ginn, ënner anerem "well et déi Leit sinn, déi am Meeschten am Kontakt si mat kranke Leit", esou de Premier Xavier Bettel an d'Gesondheetsministerin Paulette Lenert virun der Press. Dozou zielen "Dokteren, Infirmieren, Aide-soignanten, awer zum Beispill och d'Personal aus Alters- a Fleegeheemer", ob Resident oder Frontalier.

Et wier schwiereg elo schonn ze definéieren, wéi eng Populatiounsgruppen als nächst sollte geimpft ginn. Dat hätt hien och mat der Presidentin vun der Ethikkommissioun beschwat, esou de Premierminister (DP).

Et géif warscheinlech op déi vulnerabel Leit erauslafen, mee definitiv kéint een dat nach net soen, well een nach net wéisst, wéini wéi vill Impfstoff zur Verfügung géif stoen. D'Gesondheetsministerin (LSAP) sot, nom Personal aus dem Gesondheetssecteur wiere warscheinlech d'Bewunner vun den Alters- a Fleegeheemer un der Rei.

Gréng Luucht warscheinlech Enn 2020 oder Ufank 2021

D'Impfunge géifen dem aktuelle Stand no "Enn vum Joer oder Ufank vum neie Joer" op europäesche Plang gréng Luucht kréien, esou de Premier Xavier Bettel. D'Lëtzebuerger Regierung wier der Meenung, datt d'europäesch Autoritéite sech déi néideg Zäit huele sollte fir hir Iwwerpréiwungen ze maachen.

Änlech wéi beim Large Scale Testing ginn d'Leit per Post invitéiert fir sech impfen ze loossen. Bannent zwou Woche kann de Bierger dann e Rendezvous huelen, per Guichet.lu oder per Telefon.

Fënnef Impfzenteren

D'Impfunge géifen a spezifeschen Impfzentere gemaach ginn an den Impfstoff géif zentral stockéiert ginn. Dat géif d'Logistik an d'Kontroll méi einfach maachen.

Als éischt soll en Impfzenter am Zentrum opgoen (an der Victor Hugo-Hal um Lampertsbierg). Dëse wier theoretesch vu Mëtt Dezember u prett, mee géif natierlech réischt opgoen, wann d'Impfunge bis zougelooss an disponibel wieren.

Déi aner Impfzentere sollen opgoen, wa bis méi Impfstoffer zur Verfügung stinn.

  • Esch-Belval (soll Mëtt Dezember installéiert ginn)
  • Findel (Hangar vun der Air Rescue)
  • Ettelbréck (Centre Hospitalier Neuro-Psychiatrique)
  • Osten (Site gëtt nach gesicht)

D'Impfunge wieren e wichtegt Element op der leschter "Ligne droite" géint de Coronavirus, esou d'Gesondheetsministerin Paulette Lenert. Mee all Mënsch hätt déi selwecht Rechter, egal ob e sech impfe léisst oder net.