Radioen

On air

Notturno  |  Advance Base - Love At The Five & Dime

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ De verschiddene Suerge Rechnung droen

Europawahlen 2019

De verschiddene Suerge Rechnung droen

Datt et Nuancë ginn tëschent dem Wahlmanifest vun der Europäescher Vollekspartei an de Programme vun hiren nationale Memberorganisatiounen (zu Lëtzebuerg ass dat jo d'CSV), wier normal. Dat seet d'Isabel Wiseler-Lima, Co-Spëtzekandidatin vun der CSV fir d'Europawahle vum 26. Mee. D'Sensibilitéite wiere vu Land zu Land ënnerschiddlech, d'Problemer och. D'Migratioun hätt fir Länner un der Peripherie ganz aner Konsequenze wéi fir e Land wéi Lëtzebuerg, dat matten an Europa läit.

auto_stories

2 min

D'EVP misst deene verschiddene Suerge Rechnung droen. Et wier awer verständlech, datt déi national Parteien och national Campagnë fir hir Wieler géife maachen, sou d'Isabel Wiseler-Lima.

"Europa ass grouss. Et ass Diversitéit do. Mir wëllen och déi Diversitéit behalen. Mir mussen där och Rechnung droen. Dir wësst, datt een net ëmmer déi selwecht Sensibilitéiten huet. An et ass normal, datt een de Sensibilitéite vun de Leit, déi een usprécht an déi ee jo och duerno soll representéieren, datt een deene Rechnung dréit."

D'Isabel Wiseler-Lima, déi zesumme mam Christophe Hansen d'CSV-Lëscht fir d'Europawahlen uféiert, verdeedegt de Choix vun hirer Partei fir de 26. Mee mat enger Equipe vu Kandidatinnen a Kandidaten unzetrieden, déi nach net esou bekannt sinn. D'CSV verzicht jo op prominent Käpp, obschonn déi an engem persounen-orientéierte Wahlsystem wéi deem Lëtzebuerger net onwichteg sinn. D'CSV hätt sech virgeholl sech ze erneieren, andeems een nei Gesiichter géif mat op d'Wahllëschten huelen.

"An dat hu mir dann och gemaach. Ech sinn iwwerzeegt, datt wann d'Mme Reding nach hätt wëllen nach eng Kéier matgoen a matgaange wier, datt dat och kritiséiert gi wier. Dat hei ass eng Erneierung, déi vun der CSV gewollt ass, an déi mir hei och maachen."

"Wichteg, datt d'Leit sech representéiert fillen"

Ass et normal, datt ënner dem Daach vun enger europäescher Daachorganisatioun wéi der Europäescher Vollekspartei déi verschidden national Member-Parteien (wéi d'CSV) hir eege Walcampagnë féieren? Missten net, fir datt d'Europawahle wierklech eng europäesch Nues kréien, transnational Lëschte kommen, mat Kandidaten aus de verschiddene Länner, déi sech hanner engem Programm rassembléieren? Dofir wier et nach ze fréi, an d'Zäit nach net räif, seet d'Isabel Wiseler-Lima.

Déi Virstellung hält d'Isabel Wiseler-Lima fir eng Zukunftsperspektiv "déi awer nach ganz wäit ewech ass". Am Moment hätten d'Nationalstaaten eng Identitéit, déi ee berécksiichtege misst, an et wier wichteg, datt d'Leit d'Gefill hätten, datt ee si representéiert, deen hinne relativ no steet.