"De Virus huet säi Verhale geännert", sot hien. Besonnesch an de Grondschoulen am urbane Raum géif e sech neierdéngs vill méi séier verbreede wéi virdrun. Déi sanitär Reegele wieren elo am Gaang iwwerkuckt ze ginn. E Freideg hofft de Minister matdeelen ze kënnen, wéi et no der Fuesvakanz virugeet.