Radioen

On air

Notturno  |  Bob Marley & The Wailers - Waiting In Vain

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Wat ass de Wäert vun der Biodiversitéit?

Wirtschaftswuesstem vs natierlech Ressourcen

Wat ass de Wäert vun der Biodiversitéit?

Wat ass de Wäert vun der Natur a Biodiversitéit? Dëser Fro ginn international Wëssenschaftler ëmmer méi konkret no. Dat an der Hoffnung, datt e méiglechst präzis chiffréierte Wäert vun de natierleche Ressourcen derzou bäidroe kéint, um politesche Plang Decisiounen ze huelen, fir deen dramatesche Réckgang vun der Biodiversitéit ofzebremsen.

auto_stories

3 min

Pierre Reyland

Dëser Deeg koum d'Nouvelle, dass d'Bëschhong zu Lëtzebuerg esou gutt ewéi verschwonne wier. Well säi Liewensraum gréisstendeels aus Wirtschaftsbëscher, also net aus natierleche Bëscher, besteet. Enger Partie Leit dierft dat zimlech egal sinn. Dorënner déi, déi, léiwer de Mënsch ewéi d'Bëschhong, oder d'Fliedermaus, an de Mëttelpunkt stellen. Si hunn d'Tendenz, d'Fakte vum nationalen a globalen, Biodiversitéitsverloscht, an de Kontext vum Spannungsfeld tëscht Ekonomie an Ekologie ze stellen, an do "Prioritéiten" festzeleeën. Ëmwelt- an Aarteschutz, jo, awer net, wann doduerch déi wirtschaftlech an industriell Entwécklung ze vill, oder de Wirtschaftswuesstem och nëmmen e bëssen, misste gebremst ginn.

Wirtschaftswuesstem vu natierleche Ressourcen entkoppelen

Fir déi sechst Phase vum Massen-Ausstierwen, an där mer grad sinn, ofzebremsen, misst awer grad de Wirtschaftswuesstem an de Konsum, vun de natierleche Ressourcen entkoppelt ginn - dat heescht, d'Wirtschaft misst esou kënne wuessen, dass se net gläichzäiteg och d'Biodiversitéit sou degradéiert, dass déi fundamental Grondlage vum Liewe komplett verschwannen.

Dat soen d'Wëssenschaftler vun der IPBES. Dës international Plattform fir d'Biodiversitéit an Eco-Systemer gouf 2012 vun iwwer 100 Regierunge gegrënnt. Haut sinn 129 Länner Member, dorënner Lëtzebuerg. D'Haaptzil ass et, wëssenschaftlech Rapporten iwwert den Zoustand vu Biodiversitéit zesummen ze stellen, fir esou, der Politik, eng faktuell Basis ze ginn, fir Decisiounen ze huelen.

D'IPBES ass fir d'Biodiversitéit dat, wat den IPCC, den "Intergovernmental Panel on Climate Change" vun der UNO, fir de Klimawiessel ass. An dem IPCC seng Rapporte waren ëmmerhin eng Basis fir de Paräisser Klimaaccord.

Negativen Impakt net ëmmer direkt visibel

A senge Rapporten dokumentéiert d'IPBES engersäits deen alarmanten Zoustand vu Biodiversitéit op der Äerd - mat Feststellunge wéi déi, dass haut 75% vun der Äerdfläch duerch mënschlech Aktivitéit degradéiert sinn, mat negative Konsequenze fir d'Wuel vun 3,2 Milliarde Leit. D'Konsumverhale vu räiche Länner spillt dobäi eng wichteg Roll. Woubäi vill Leit sech däers net bewosst sinn. Well se et net gesinn. Lëtzebuerg, zum Beispill, importéiert e groussen Deel vu senge Liewensmëttel an anere Ressourcen. De negativen Impakt dovun ass net direkt visibel, well en an anere Länner geschitt.

Den IPBES entwéckelt och Modeller, fir der Biodiversitéit e konkrete Wäert ze ginn. E bësse wéi de PIB du bien-être, dee vill Länner, och Lëtzebuerg, entwéckelt hunn, fir nieft de réng ekonomeschen Indicateure vum PIB, och Facteuren wéi déi natierlech Ressourcë mat an d'Wuelstandstatistike fléissen ze loossen.

Zerstéierung a Restauréierung kaschte méi wéi Erhalt

An deene Modeller ginn d'Biodiversitéit an déi natierlech Ressourcen als "Déngschtleeschtung" ugesinn, oder, wéi d' IPBES et nennt, als NCP - "Nature's Contribution to People". Fir de "Wäert" vun dëser Kontributioun vun der Natur fir d'Leit ze miessen ass allerdéngs immens komplex, an hänkt vu ville Facteuren of, dorënner dat sozio-kulturellt Ëmfeld. Konkret Chifferen, wéi vill d'Biodiversitéit wäert kéint sinn, ginn et dofir eigentlech net. E bësse méi konkret ass et an déi ëmgedréint Richtung: nämlech, wat et kascht fir d'Biodiversitéit z'erhalen. Wann een Ökosystemer zerstéiert a se duerno restauréiert, kann dat bis zu zéng mol méi kaschten, wéi wann ee se vun Ufank u géif schützen, seet d'IPBES.

Sou Behaaptunge kënnen iwwerflächlech schéngen. An alleng d'Tatsaach, datt probéiert gëtt, de Wäert vun der Natur konkret festzeleeën, ass e Beispill dofir, wéi onnatierlech d'Relatioun vu ville Mënsche mat der Natur gouf, där hire Wäert eigentlech fir jidderee misst evident sinn. Mee do si mer da nees beim Bëschhong a bei de Fliedermais. Déi onendlech vill Wäert sinn... sou laang et se nach gëtt.