Radioen

On air

Tockcity  |  Panorama

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ De Weltbildungsbericht 2019: Brécke bauen amplaz Maueren

Fräie Mikro

De Weltbildungsbericht 2019: Brécke bauen amplaz Maueren

Virun e puer Deeg gouf zu Berlin am Auswärtigen Amt de Weltbildungsbericht 2019 virgestallt. Dës wichteg Etüd gëtt all Joers vun der UNESCO koordinéiert an huet ëmmer en anert Schwéierpunktthema.

auto_stories

4 min

Simone Beck (Foto: Archiv)

De Weltbildungsbericht vun der UNESCO, deen Enn November zu Berlin - zäitgläich och an anere grousse Stied vun de fënnef Kontinenter - virgestallt gouf, huet dëst Joer e wichtegt Thema an eng wichteg Zilsetzung: "Migration, Flucht und Bildung: Brücken bauen statt Mauern".

Dës wichteg Etüd kuckt d'Problematik vun der inklusiver Bildung an Ausbildung vu Migranten a Flüchtlingen duerch d'Ae vum Léierpersonal a vun deenen, déi fir integrativ Bildungsprojete responsabel sinn. Si si mam Alldag an de Crèchen, de Schoulhäff, an deenen eenzele Communautéiten oder Wunnquartiere konfrontéiert. D'Agenda 2030 fir eng nohalteg Entwécklung vun der UNO hält fest, datt all d'Bildungssystemer op der ganzer Welt musse fir all Mënschen eng inklusiv, chancëgerecht an héichwäerteg Bildung erméiglechen - an dat während hirem ganze Liewen. Fir datt deen Engagement anzehalen ass, mussen déi eenzel Bildungssystemer sech upassen. D'Hierkonft an d'Kultur vu Flüchtlingen an de Migrante bedéngen awer, datt d'Erausfuerderungen un déi eenzel Gaaschtlänner ganz ënnerschiddlech sinn.

D'Beispill vum Tschad

Op der Presentatioun vum Weltbildungsbericht huet de Bildungsminister aus dem Tschad, den Aboukabar Tchoroma, beandrockend iwwer déi Schwieregkeete geschwat, déi säin aremt Land duerch ganz ënnerschiddlech Flüchtlingen huet, déi et ophëlt. Am Human Development Index vun der UNO beleet den Tschad déi drëttlescht vun 188 Plaze mat engem PIB pro Kap vun 810 US Dollar (Lëtzebuerg am Vergläich: 7.710 US Dollar). Den Tschad hëlt Flüchtlingen op aus der Zentralafrikanescher Republik, aus der Darfour-Géigend vum Sudan an aus Nigeria, déi virun de Boko Haram flüchten. An deenen enge Flüchtlingslager kréien d'Kanner Coursen op arabesch, zentréiert op den Islam, an deenen aneren op franséisch, an nach aneren op Swahili. Datt et an esou Konditiounen extrem schwéier ass, en eenheetleche Bildungssystem opzebauen, ass evident. Den Tschad leet awer grousse Wäert drop, a senge pädagogeschen Universitéite jonk Leit auszebilden, déi selwer an de Flüchtlingslagere wunnen. Ganz besonnesch wichteg wier et awer, sot de Bildungsminister Tchoroma, datt jiddwer Mënsch Zougang zu Bildung an Ausbildung kritt, och wann e keng Identitéitspabeieren huet.

Portugal: Kompetenze viru Schoulfächer

De Joao Costa, portugisesche Staatssekretär fir Bildung, huet ervirgehuewen, datt säi Land an der Bildungsoffer fir Flüchtlingen a Migrante virun allem Wäert op sozial Gerechtegkeet leet. Fir hien ass eng Schoul eréischt dann effikass, wa se sozial Mobilitéit fir eng méiglechst grouss Zuel garantéiert. Kompetenze si méi wichteg wéi Schoulfächer, well eng grouss Zuel vu Migranten a Flüchtlingen - och wa si en Unisdiplom oder eng pousséiert handwierklech Ausbildung hunn - iwwer Nuecht zu Analphabete ginn, wa si aus enger anerer Schrëftkultur bei eis kommen.

De Weltbildungsrapport 2019 hält och fest, datt d'Handwierk an den Handel bei der Integratioun gefuerdert sinn, well a villen Hierkonftslänner vun de Migranten a Flüchtlingen op deene Gebidder aner Gewunnechten a Praktike gëllen.

Migratioun: eng grouss Chance fir d'Gaaschtlänner

Wat de Rapport awer virun allem ënnersträicht, ass déi grouss Chance, déi d'Migratioun och fir d'Gaaschtlänner ass. Duerch d'Präsenz vu Mënschen aus anere Kulture bilde mir eis och weider. Eis Léierpläng an eis Bicher gi méi inklusiv a leeë gréissere Wäert op Multikulturalitéit. Mir mussen eis aktiv mat de Mënscherechter ausenanersetzen, déi iwwer all Integratiounefforte musse stoen.

All Investissement an all Asaz fir d'Ausbildung an d'Inklusioun vu Migranten a Flüchtlinge kënnt schlussendlech och eis zegutt: eis Gesellschafte gi méi villfälteg an oppen, an duerch d'Kenneléieren an d'Respektéiere vu Mënschen aus anere Kulturen hu Radikaliséierung a Rietspopulismus ëmmer manner Chance.


Mam Zil, déi ëffentlech Debatt ze fërderen, invitéiert de radio 100,7 am Fräie Mikro Leit aus der Zivilgesellschaft fir aktuell Themen ze kommentéieren. De Fräie Mikro spigelt reng d'Meenung vu sengem Auteur erëm.