Zu Lëtzebuerg ginn et 21 Kontrollsystemer mat ënnerschiddleche Critèren. Am Schluechthaus géif zum Beispill all Déier gekuckt ginn, Metzlereie géifen ee Mol am Joer a Restauranten all dräi Joer kontrolléiert ginn. Fir méi Kontrolle maachen ze kënne solle 15 zousätzlech Agente rekrutéiert ginn - ënner anerem am Kader vun der neier geplangter Administration unique.
Dräi Fäll pro Joer
Zu Lëtzebuerg géifen am Joer ronn dräi Verdachtsfäll vu Liewensmëttelbedruch gemellt ginn, seet de Kommissär fir Sécherheet, Qualitéit a géint Bedruch bei Liewensmëttel, Patrick Hau. Esou Verdachtsfäll géifen am Kader vu Routineskontrollen iwwerpréift ginn.
Dacks géifen d'Betriber an esou Fäll Standarden net respektéieren, well si net Bescheed driwwer wéissten, esou de Patrick Hau. Dat géif sech bei de Kontrollen erausstellen. Et géif den Ament iwwerdeems keng uniforme Definitioun vir Liewensmëttelbedruch ginn:
"Et ginn awer Critèren, wou d'Experten sech eens sinn, datt wann déi erfëllt sinn, da kann ee vu Bedruch schwätzen. Dat ass dat wëssentlecht, wëllentlecht net-Anhale vun europäeschen oder nationale Reglementatiounen am But fir Suen domat ze verdéngen. An andeems een a Kaf hëlt, datt de Konsument bedru gëtt. Da si mir am Fall vu Fraude. Et kann een och nach vun organiséierter Fraude oder organiséierter Kriminalitéit schwätzen, wann dat eng ganz grouss Envergure unhëlt. Respektiv wann eng kriminell Organisatioun dohannert stécht."
Op Liewensmëttelbedruch stinn dem Liewensmëttelgesetz no bis zu dräi Joer Prisong an eng Geldstrof vu maximal 500.000 Euro.
Haaptsuerg: Réckstänn vu Pestiziden
60 Prozent vun de Konsumenten zu Lëtzebuerg interesséiere sech fir Liewensmëttelsécherheet. Dat ass e gutt Stéck méi wéi den EU-Duerchschnëtt, esou eng Ëmfro vum Eurobarometer dëst Joer. Suerge bereeden de Konsumenten hei am Land virun allem eventuell Réckstänn vu Pestiziden. Iwwer 95 Prozent vun de geteste Produiten hei am Land wieren allerdéngs konform mat de Standarden an deem Beräich.
Op EU-Niveau leeft all Joer ee koordinéierte Kontrollplang, wou all d'Memberstaaten op de selwechte Produiten Réckstänn vu Pestizide sichen. Dat wier awer déi eenzeg europäesch Kontroll, seet de Patrick Hau. "Mir maachen och nach Analyse vu Produiten, déi aus Drëttlänner kommen." Um Fluchhafe géif vill Uebst a Geméis aus afrikanesche Länner ukommen, an do wier den Taux de conformité net esou héich, well et an deene Länner aner Reegelen géif gi wéi hei, seet de Patrick Hau:
"Dat muss een och soen: d'Liewensmëttelsécherheet ass déi strengst déi et gëtt an Europa, vill méi streng wéi Systemer déi et an Drëttlänner wéi Amerika, China oder Indie ginn. Mir hunn do wierklech deen héchste Level deen et iwwerhaapt gëtt op der Welt."
Aus Drëttstaate kéinte bis zu zéng Prozent vun de Produiten net konform si wat Réckstänn vu Pestizide betrëfft, esou nach de Patrick Hau. Grond dofir kéint awer zum Beispill sinn, datt an de respektive Produktiounslänner nach Substanze benotzt ginn, déi hei verbuede sinn.