Radioen

On air

Den Nomëtteg  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "Et dierfe keng Tabue ginn"

De Xavier Bettel virun der Tripartite

"Et dierfe keng Tabue ginn"

"Mir sinn an engem ganz aneren Zenario wéi am Mäerz" an d'Situatioun hätt sech extreem verschlechtert. Dat sot de Premier Xavier Bettel den Owend am Virfeld vun der Tripartite an no den eenzele Gespréicher de Mëtteg mat de Gewerkschaften a mam Patronat. Zil wier fir spéitstens bis Ufank Oktober en Accord mat de Sozialpartner fonnt ze hunn. Déi neiste STATEC-Berechnunge géifen den Inflatiounstrend bestätegen.

auto_stories

1 min

De Statec geet a sengem zentralen Zeenario vun enger Inflatioun vu 6,6 Prozent aus, genee wéi fir 2023. Am schlëmmste Fall kéinte bis Enn 2023 fënnef Indextranchen erfalen. Am optimisteschsten Zenario wieren et der zwou, esou de Premier. D'Regierung misst sech eenzel cibléiert Energiehëllefen iwwerleeën. Et dierft keng Tabue ginn an et wier och net ausgeschloss, datt no dëser nach weider Tripartitten néideg wieren, sou de Premier.

D'Regierung wéilt sech awer net iwwer 30 Prozent vum PIB verschëlden sou wéi et am Koalitiounsaccord virgesinn ass. D'Fro, ob et méiglecherweis awer zu enger Upassung vun der Steiertabell kënnt, wollt de Premier net konkret beäntwerten.