Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  Joe Goddard & Barrie - Moments Die

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "Arrêtez, tous les deux!"

Franséisch Presidentiellen 2017

"Arrêtez, tous les deux!"

Knapps zwou an eng hallef Stonn huet de leschten Debat virum zweeten Tour vun e Sonndeg gedauert. De roude Fuedem vum Owend war vum éischte Saz u gezunn. Während den Emmanuel Macron probéiert huet, seng ekonomesch a politesch Visiounen ze presentéieren, huet d'Marine Le Pen sech dorop konzentréiert, hirem Kontrahent d'Loft aus de Seegelen ze huelen. Dat ass hir awer nëmme seele gelongen. De Kandidat vun En Marche! konnt d'Argumentatioun vun der FN-Cheffin reegelméisseg demontéieren.

auto_stories

5 min

Fir hir Steierreformen ze finanzéieren, well d'Marine Le Pen d'Importer taxéieren. Wéi et am Debat kuerz drop ëm sozial Déngschtleeschtunge goung, huet si méi bëlleg Medikamenter fir jidderee gefuerdert. "Do hunn ech awer eng schlecht Nouvelle", huet den Emmanuel Macron ënnerbrach, "80 Prozent vun de Medikamenter hei a Frankräich ginn am Ausland produzéiert. A genee deen Import wëll Dir taxéieren."

Och an der Diskussioun ëm de Pensiounsalter huet d'Argumentatioun vun der Politikerin vum Front National gewackelt. D'Marine Le Pen proposéiert, datt all Fransous mat 60 Joer oder 40 Cotisatiounsjore kann an d'Pensioun goen. Op d'Fro vum TF1-Journalist Christophe Jakubyszyn, ob dës Ännerung direkt no de Wahle soll antrieden: "Neen, dat ass e Projet fir déi ganz Legislaturperiod." Den 11. Abrëll hat d'Marine Le Pen d'Mesure nach zu deenen zéng wichtegste gezielt, déi si an den éischten zwee Méint vun hirer Amtszäit géing ëmsetzen.

Roude Fuedem - Attack

D'Marine Le Pen huet vun hiren éischte Wierder un hir Prioritéite fir den Debat gewisen: Fir d'éischt Attack op de Kontrahent, dann eege Proposë presentéieren. Sou sot si bei der éischter Interventioun vum Owend: "Ech si ganz zefridde mat der Entwécklung vum zweeten Tour vun de Wahlen. De politesche Choix, deen d'Fransouse mussen treffen, ass eendeiteg ginn." Hire Géigespiller wier de Choix vun enger destruktiver Globaliséierung, de Kandidat vun de groussen Entreprisen. "D'Vedette vum System a vun der Elite huet seng Mask ausgedoen."

Den Emmanuel Macron huet d'Spectateuren am Géigenzuch drop opmierksam gemaach, datt d'Marine Le Pen "net d'Kandidatin vun der Finesse" wier, a net "un engem demokrateschen, equilibréierten an oppenen Debat" interesséiert wier. Domat waren d'Weiche fir en haarden Owend gestallt.

Wirtschaft, EU a Sécherheet

Bei de grousse Sujeten huet d'Ekonomie den Optakt gemaach, wat dem fréiere Wirtschaftsminister entgéint komm ass. Fir de Chômage a Frankräich ze reduzéieren, huet den Emmanuel Macron konkret Propose gemaach. Sou misst een de klengen a mëttelgroussen Entreprisen d'Méiglechkeet ginn, méi flexibel ze schaffen. Och eng individuell Upassung vum Aarbechtsrecht un déi verschidde Branchë soll dobäi hëllefen, Aarbechtsplazen ze schafen.

D'Marine Le Pen war an dësem Domaine manner preparéiert an huet op déi haart Zuele vum Ekonomist mat perséinlechen Attacke reagéiert. "Als Beroder vum François Hollande an dunn als Minister hat Dir d'Méiglechkeet, Är Politik ëmzesetzen. A si war eng Katastroph." Besonnesch de Verkaf vu franséischen Entreprisë während der Amtszäit vum Emmanuel Macron huet si kritiséiert. Hire Géigner hätt "keen nationale Geescht, keen Interêt un der Natioun. Dir verteidegt just de private Secteur." De Politiker vun En Marche! huet dogéint gehalen, d'Marine Le Pen géif guer keng Alternative proposéieren.

Kloer Fronte bei Aussepolitik

Datt d'Positioune vu Macron a Le Pen bei de wichtegen Themen "Sécherheet a Kampf géint Terrorismus" wéi och "EU an Aussepolitik" ganz ënnerschiddlech sinn, war bekannt. Deementspriechend haart huet d'Marine Le Pen dunn - ganz hirer Linn trei - als éischt hire Kontrahent attackéiert: "D'Sécherheet an den Terrorismus sinn e risege Problem", deen am Programm vu Macron "absolut" net ze fanne wier. Während si am Kampf géint den Terrorismus als éischt déi national Grenzen well zoumaachen, proposéiert den Emmanuel Macron "méi Sécherheet duerch Kooperatioun mat eise Noperen".

Beim Thema "Europäesch Unioun an Euro" - aus deenen d'Marine Le Pen wëll austrieden - hat d'Spëtzekandidatin vum Front National nees Schwieregkeeten. Si fuerdert e Retour bei de Franc fir d'Fransousen, während grouss franséisch Entreprisen weider mam Euro solle kënnen akafen - konnt dës Propose awer net konkret an iwwerzeegend ausformuléieren. Fir den Ekonomist Macron eng favorabel Situatioun: "Eng Entreprise kann net op där enger Säit mat Euroen akafen, an da seng Salariéë mat Francs bezuelen. Dat ass e groussen "n'importe quoi.""

Däitlech Differenzen

Um Schluss vum Debat gëtt kloer, datt d'Kandidaten hire Fokus ganz ënnerschiddlech geluecht hunn. An enger "carte blanche" kenne si iwwert ee selwer ausgewieltent Thema schwätzen. Den Emmanuel Macron schwätzt d'territoires d'outre-mer un, déi vu kengem Kandidat bis dohi grouss Opmierksamkeet kruten. An hie plaidéiert fir e besseren Encadrement a gréisser Chancen um Aarbechtsmarché vu Leit mat engem Handicap.

Op der anerer Säit notzt d'Marine Le Pen hir zwou Minutten dofir, hire Konkurrent ze kritiséieren an ze beleidegen. An de leschte Minutte vum Debat schneit si ëmmer nees Grimassen, gestikuléiert, ënnerbrécht. Den Emmanuel Macron zitt säi Fazit: "Mir hu grad erlieft, wéi Dir wierklech sidd. Dir gitt gefrot eng "carte blanche" ze maachen an Dir beleidegt Äre Géigner. Zënter dem Ufank vum Debat verbreet Dir är Ligen."

Conclusioun

Op enger Rei Plazen hat beim Debat den Emmanuel Macron d'Nues vir. De Kandidat vun En Marche! mécht méi konkret Proposen, hieft Schwaachstellen am Programm vum Le Pen eraus an demontéiert dësen. D'Marine Le Pen selwer hat just wéineg positiv opfälleg Momenter. Am Kapp bléift de Fait, datt si - amplaz selwer hir Proposen ze presentéieren - léiwer hire Géigeniwwer attackéiert.

Besonnesch remarkabel war den deelweis risege Chaos, deen op der Bühn stattfonnt huet. Déi zwee Moderatoren hate mat zwee Leit, déi absolut net wollten noginn, kee liichte Stand - mä sinn awer ganz onglécklech eriwwerkomm. Ee Moment ass et dem Nathalie Saint-Cricq, der Journalistin vu France 2, näischt anescht méi iwwreg bliwwen, wéi ëmmer nees "Haalt op, allen zwee" an den Debat zu ruffen.

Wei de Cédric Pietralunga, Journalist beim Le Monde, kommentéiert huet, wier déi gréisste Leier aus gëschter Owend en aalt Zitat vum Jacques Chirac: