Radioen

On air

Notturno  |  Dawn Chorus And The Infallible Sea - Rêveries

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Debatt iwwer Katastropheschutz

Däitschland

Debatt iwwer Katastropheschutz

An Däitschland gëtt no den Iwwerschwemmungen diskutéiert, wisou d'Persounen an de betraffene Gebidder net rechtzäiteg gewarnt goufen. D'Oppositiounsparteie fuerderen, datt de Katastropheschutz an Zukunft verstäerkt an de Kompetenzberäich vun der Regierung soll falen. Dës wëllt awer och weiderhin op dezentraliséiert Strukture setzen.

auto_stories

3 min

Eng Woch ass et hier, datt wäit Deeler vun de Bundeslänner Nordrhein-Westfalen a Rheinland-Pfalz duerch schwéier Iwwerschwemmungen zerstéiert goufen a vill Léit froen sech: wéi konnt es sou wäit kommen? Hätt een net méi frei missen d'Persounen an de betraffene Gebidder warnen an noutfalls evakuéieren? A wat muss an Zukunft anescht gemaach ginn, fir esou Tragedien ze verhënneren?

Uertschafte si bis elo responsabel

De Chef vum däitschen Bundesamt für Bevölkerungsschutz und Katastrophenhilfe, den Armin Schuster, sot am "ZDF heute journal", de Warnsystem hätt funktionéiert, et wieren am Virfeld 150 Messagen iwwer eng Warn-App erausgaangen, mee et wier net ëmmer einfach genee ze prognostizéieren, wou genau wei vill Reen fält.

Och wier et fir säin Amt schwéier, dat néidegt Bewosstsinn bei de Léit ze schafen, well een dacks als "Panikmacher" wouergeholl gëtt. D'Regierung huet iwwerdeems confirméiert, datt den Deutscher Wetterdienst zwee Deeg virun der Katastroph déi zoustänneg Stellen an de Bundeslänner informéiert hätt. A punkto Katastropheschutz decidéieren awer d'Uertschaften selwer. Wéinst dësem Zoustännegkeetsduercherneen gëtt der Politik elo "Systemversagen" virgehäit.

Méi Kompetenze fir d'Regierung?

D'Kanzlerkandidatin vun de Gréngen Annalena Baerbock fuerdert dofir, datt d'Regierung méi Kompetenzen an Responsabilitéite soll kréien, wann et ëm d'Precautiounen virum extreme Wieder geet. Och d'FDP wëllt dem Bundesamt für Bevölkerungsschutz méi Muecht gi fir an Zukunft e bessere Warnsystem op d'Been ze stellen.

Den Armin Schuster vun dësem Amt gesäit esou eng Zentraliséierung awer kritesch. Déi zoustänneg Instanze sur place kéinte besser entscheeden, wéi eng Mesuren ergraff musse ginn. Trotzdeem bräicht et eng besser Kooperatioun tëschent de verschiddene Stellen, den Bevölkerungsschutz misst eng Gemeinschaftsaufgab tëschent Bund, Bundeslänner a Kommune ginn. Och den Innenminister Horst Seehofer hält net vill dovun de Katastropheschutz ze zentraliséieren, et misst een awer gewëss Prozesser verbesseren, notamment d'Warnmeldungen.

Sireene kéinten eng Léisung sinn

Den Transportminister Andreas Scheuer fuerdert dofir, een flächendeckende "Cell Boroadcasting" System, deen all Persounen an engem betraffene Gebitt fréizäiteg per Handy alarméiert. Och de Kanzlerkandidat vun der Unioun Armin Laschet sot gëschter, esou een System misst elo séier op d'Been gestallt ginn. Beim Amt für Bevölkerungsschutz und Katastrophenhilfe préift een elo, ob dat sech realiséiere léisst an bis wéini.

Eng aner Mesure, déi vill diskutéiert gëtt, ass den Asaz vu Sireenen, déi nom Kale Krich op ville Plazen am Land net méi a Stand gehale goufen. D'Kanzlerin Merkel sot bei hirer Visitt zu Bad-Münstereifel, villäicht wier déi gutt al Sireen awer nach méi nëtzlech wei geduecht. Och de Verband vun den Pompjeeën fuerdert nees méi Sireenen an den Uertschaften. An enger éischter Phase sollen 90 Milliounen Euro investéiert ginn, fir dat ëmzesetzen.