Corona-Kris Deconfinement am Handicap Secteur

Den Encadrement vu Mënsche mat enger kognitiver Beanträchtegung ass wéinst der Corona-Kris däitlech méi komplizéiert. Am Secteur hätt ee sech dowéinst méi Ënnerstëtzung a méi kloer Virgabe vun der Regierung erwaart. Besonnesch elo, wou vill Aktivitéiten am Kader vum Deconfinement nees erëm opgeholl ginn.

Isabel Scott / cbi

APEMH

D'Michèle Racké ass Generaldirektesch vun der APEMH. D'Associatioun gouf an de 60er Jore vun Eltere vu Kanner mat enger geeschteger Beanträchtegung gegrënnt. Haut geréiert d'APEMH verschidde Strukturen, an deene Mënsche mat engem kognitiven Handicap schaffen oder betreit ginn.

"Mir si wéi ëmmer vergiess ginn. Mir sinn einfach net dee Secteur, deen ëmmer un der 'vorderster Front' steet a gesi gëtt."

Och an normalen Zäite géife Leit mat enger Beanträchtegung wéineg vun der Ëffentlechkeet wouergeholl ginn, seet d'Michèle Racké. An enger Krisesituatioun géif dat nach méi kloer ginn.

D'Familljeministerin Corinne Cahen zitt en anere Bilan: an der Corona-Kris hätt et keng confirméiert Infektioun mam Coronavirus am Handicapberäich ginn. Et misst een also vun enger "totaler Inclusioun" schwätzen. "Dat, wat fir d'Leit all gëllt, gëllt och fir Leit am Behënnerteberäich, respektiv dat, wat fir d'Leit am Behënnerteberäich gëllt, gëllt fir d'Leit alleguerten hei am Land."

Kee Kierperkontakt: ee Problem

Wärend dem Confinement goufen et och am Secteur vum Handicap strikt Hygiènesreegelen a Kontaktspären. Den Opwand wier grouss gewiescht, erkläert d'Generaldirektesch vun der APEMH Michèle Racké, an et hätt u villem gefeelt:

"Et ass ganz kloer an dëser Kris erëm de Fall gewiescht, datt mir als Behënnertesecteur net ëmmer esou wouergeholl gi sinn an eis ëmmer erëm hu mussen haart bemierkbar maachen, datt och mir Besoinen hunn. Um Niveau vum Material, wou am Ufank déi grouss Knappheet war, huet keen dru geduecht, datt och eise Secteur dat géif brauchen, fir kënne weiderzeschaffen. Well mir hu jo misste weiderschaffen."

Besonnesch an de Wunnstrukture war et eng Erausfuerderung fir d'Sécherheet an d'Gesondheet vun de Bewunner ze garantéieren. Net all d'Virgabe konnten esou einfach ëmgesat ginn, zum Beispill den Ofstand vun zwee Meter, an datt een deen aneren net huet dierften upaken. "Guer kee Kierperkontakt ass fir verschidde Saachen einfach net méiglech", erkläert d'Michèle Racké. Kommunikatioun mat de Bewunner wier dowéinst immens wichteg gewiescht. Hei hätt missen an einfacher Sprooch erkläert ginn, firwat ee muss doheem bleiwen, oder firwat een eng Mask misst undoen.

Den Deconfinement fänkt un

Mee och fir de Behënnerteberäich gëllt elo den Deconfinement, an déi normal Aktivitéite ginn nees lues a lues relancéiert, seet d'Corinne Cahen:

"Ech mengen, do muss jiddweree selwer aschätze par rapport zu senger Populatioun. Well am Handicapberäich ginn et Vulnerabeler a Leit, déi och net zu de Vulnerabele gehéieren. De Behënnerteberäich ass ebe ganz vast. Dofir gëtt et net eng 'Stratégie de déconfinement', mee jiddwereen eenzel muss selwer kucke bei sech, wéi een am beschten deconfineiert."

Dat heescht, all Gestionnaire ass mat enger Rei Froe konfrontéiert. Zum Beispill mussen d'Wunngruppen entscheeden, wéi séier d'Leit nees dierfen erausgoen oder dierfe Besuch kréien.

Keng eenheetlech Virgaben

D'Michèle Racké seet, datt ee sech doriwwer am Secteur grouss Suerge mécht. A si bedauert, datt et keng eenheetlech a kloer Virgabe géife ginn. Déi fir Integratioun zoustänneg Ministerin Corinne Cahen äntwert dorobber, datt eenheetlech Virgabe schonn eleng net méiglech sinn, well d'Strukturen zum Beispill architektonesch esou verschidde wieren. D'Michèle Racké stëmmt deem zou, mee nuancéiert:

"An dëser Situatioun ass et awer anescht, ob ech als Gestionnaire ganz eleng decidéieren, oder ob et e Staat ass, dee seet, mir hunn zougemaach a mir maachen dann op, an dat ass vun eis esou festgehalen. Domadder iwwerhuele si och en Deel mat Responsabilitéit."

Datt de Secteur och bei der Deconfinements-Strategie vergiess gouf, mécht d'Michèle Racké un engem Beispill fest:

"Wat mir den Ament bedaueren, a wou mer amgaang sinn dofir ze streiden, ass fir mat erageholl ze ginn, fir de Large scale testing. Eise Beräich ass net mat consideréiert an dat géife mir ganz wichteg fannen, als een Element am Deconfinement fir Sécherheet ze ginn."

D'Ministerin Corinne Cahen äntwert dorobber, datt een dat mat der Santé misst zesumme kucken. "Wann ee Wëllen do ass fir e Large scale testing ze maachen, da gëtt dee gemaach."


D'Carine Nickels huet sech an engem Youtube-Video Gedanken iwwer dësen Artikel a verschidden Aussoe vun der zoustänneger Ministerin Corinne Cahen gemaacht.

An der Mediathéik:

Aktuelles / / Isabel Scott
Lauschteren

Méi zum Thema

PCR-Test
Corona-Pandemie

Déi 17 Test-Statiounen, fir d'Populatioun op Covid-19 ze testen, sinn elo all voll funktionell. An den nächste Woche soll mat ronn enger Milliounen Tester déi ganz Populatioun kënne getest ginn.

Dan Kersch, Vice-Premier ministre, ministre du Travail, de l’Emploi et de l’Économie sociale et solidaire Live
Pressekonferenz

De Sportminister Dan Kersch informéiert um hallwer 3 d'Press iwwer d'Strategie vun der Regierung fir den Deconfinement am Sport. Mir iwwerdroen d'Pressekonferenz am Livestream.

 

Net verpassen

  • Mam 100,7-Mikro ënnerwee

    Max Feyder

    Eise jonke Freelancer Max Feyder aka Skibi ass an den nächste Woche mam 100,7-Mikro ënnerwee, fir an der Strooss Stëmmungsbiller anzefänken an d'Leit no hirer Meenung zu bestëmmten Theemen ze froen.

Dossieren

  • Olympesch Spiller 2021

    D'Olympesch Spiller fannen, mat enger Joer Verspéidung, tëscht dem 23. Juni bis den 8. August zu Tokyo statt. Fir eis op der Plaz ass eise Korrespondent Philip Crowther.

  • Déi national Anti-Krise-Pläng an der EU

    Wat maachen d'Länner mat den Suen, déi hinnen aus dem Europäeschen Fonds de Relance zoustinn? An eiser Rubrik Europa Aktuell huele mer déi national Pläng ënner d'Lupe.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen