Citizens unite for Climate Deconfinement vum Klimaschutz

"Citizens Unite for Change", d'Plattform mat enger Dosen Organisatiounen, manifestéiert fir de Sujet Klimaschutz ze deconfinéieren . Bis zu 150 Persounen hu participéiert. Virun der Pandemie war d'Mobiliséierung vu Klimaaktivisten, vu Jonker a Bierger enorm. Déi Dosen Organisatiounen, déi d'Koalitioun "Citizens Unite for Change" forméiert hunn, bréngen de Sujet Klimaschutz nees an d'Ëffentlechkeet.

Pierre Reyland / cs / cbi

Klimademo

Lauschteren


D'"Citizens for Change"-Beweegung regroupéiert Rise for Climate, CELL, Extinction Rebellion, d'Gewerkschaften LCGB an OGBL, Etika, d'Fondation Partage, Frères des hommes, Foodsharing, d'CCSA. Ee vun hiren Haaptmessage war. Et wier héich Zäit, de Sujet vum Klimaschutz ze "déconfinéieren":

"Nodeems jo awer mat der Pandemie déi ganz Beweegung e bëssen ageschlof war, op d'mannst net méi an der Ëffentlechkeet esou present war", bemierkt de Frédéric Krier vum OGBL.

"C'est même tous les jours qu'il faudrait manifester", fuerdert d'Céline Bouillon vu Rise for Climate. "Faudrait se faire entendre tous les jours, et encore plus fort. Cela devient vraiment urgent."

Reform vum Klimagesetz néideg

No engem Joer forcéierter Paus ginn d'Zäregasen Emissiounen nees an d'Luucht. Alarmant wier et, datt d'Lëtzebuerger Klimaschutzgesetz d'Gefor vum Klimawiessel nach ëmmer net richteg géif aschätzen a kee strikte Kader fir d'CO2-Emissioune virgesäit.

D'Koalitioun vermësst och konkret Moossname fir deene mannerbemëttelte Populatiounen ze hëllefen sech un de Klimawiessel unzepassen an sech un der Transitioun ze bedeelegen. Och d'Aart a Weis, wéi dat Gesetz gemaach gouf, gefält eis net , betount d'Magali Paulus vu CELL:

" Mir wiere frou, wa mer méi participativ Prozesser hätten, a méi transparent Prozesser virun allem."

Youth for Climate preparéiert gréisser Aktiounen

Dee bekannte Slogan, vun der Beweegung Youth for Climate, deen 2019 nach duerch d'ganz Welt geklongen hat, huet een also nees am Stater Zentrum héieren. Dobäi war Youth for Climate bei dëser Demonstratioun guer net derbäi. De Grond: Si hätten sech op d'Organisatioun vun hirem Stand op den Transition Days, am Carré zu Hollerech, wou d'Manifestatioun, ukoum, konzentréiert, betount d'Zora Barthelmy.

"An och well mer am Fong kucke fir, sou bal et nees méiglech ass, aner Saachen ze organiséieren, déi da méi grouss sinn."

No ronn enger Stonn ass de Marsch zu Hollerech ukomm. "Kuckt eis net just no, mee gitt MAT eis", hunn d'Manifestanten och nach ënnerwee deene villen Touristen a Leit zougeruff, déi an der Stad waren, fir hire Weekend ze genéissen.

Méi zum Thema

Zohra Barthelemy
KLIMAAKTIVISMUS

Hir Beweegung hätt wärend der Pandemie besser kënne kommunizéieren, sou d'Klimaaktivistin Zohra Barthelemy. Op grouss Protestaktiounen hätt een an der Lescht awer bewosst verzicht, fir den Infektiounsrisiko kleng ze halen.

Net verpassen

Programm

Dossieren

  • Gemengewalen 2023

    Den 11. Juni gëtt an de verschiddene Gemenge vum Land en neie Gemengerot gewielt. Wéi eng Sujete dominéieren d'Wal a wéi verleeft de Walkampf an de vereenzelte Gemengen?

  • Chamberwalen 2023

    Den 8. Oktober gëtt zu Lëtzebuerg en neit Parlament gewielt. Kann d'Dräierkoalitioun vun der DP, LSAP an déi gréng weider d'Regierung stellen, oder gëtt et ee Regierungswiessel?

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen