Klimaschutz Dee Kärel muss fort!

Vill Flüchtlingen aus Afrika kommen an Europa, wëll si, wéinst dem Klima, doheem net méi liewe kënnen. "Den US-Réckzuch aus dem Klimaaccord ass eng ganz schlecht Decisioun", seet den Dietmar Mirkes, ASTM.

Carole Schimmer / sm

Dietmar Mirkes
Dietmar Mirkes, ASTM, hofft op Impeachmentprozedur géint D. Trump

"Mir spieren de Klimawandel elo schonn. D'Temperaturen sinn ëm 1,1 Grad erhéicht", seet den Dietmar Mierkes vun der ASTM. Eng ganz Partie Leit aus West an Zentralafrika géifen an Europa kommen, wëll si bei sech net méi liewen kennen. "Hei gi si da gären als Wirtschaftsflüchtlinge bezeechent", sou Dietmar Mirkes. Et wieren awer Klimaflüchtlingen: e Bauer, deen an Afrika seng Recolte wéinst grousser Dréchent verléiert, hätt do ganz einfach keng Existenz méi.

Fahrerflucht vun den USA

Datt d'USA sech elo zréckzéien wier "onverantwortlech, onmoralesch a récksiichtlos". Och wa China aktuell di héchsten Emissiounen hätt, wieren d'USA awer fir iwwert e Fënneftel vun den historeschen CO2-Emissiounen responsabel.

Wann dräi grouss europäesch Staaten elo soen, si géifen d'Entwécklungslänner, nom amerikaneschen Réckzuch finanziell méi intensiv ënnerstëtzen, misst een kucke wat um Enn dobäi eraus kënnt. Fir d'éischt géifen do emol ganz laangwiereg a komplizéiert Diskussiounen ustoen.

Hoffnung op Impeachment

Eenzel amerikanesch Bundeslänner, wéi Kalifornien, hunn ugekënnegt, mat hirem Klimaprogramm wëlle weider ze fueren. Den Dietmar Mirkes fënnt dat positiv. Et geet a sengen Aen awer net duer. Hien hofft, datt d'Republikaner geschwënn eng Impeachmentprozedur géint hire President lancéieren. "Dee Kärel muss fort" - esou den Dietmar Mirkes.

Méi zum Thema

Romain-Schneider-Zanda-Kalnina-Lukasevica.jpg
EU-Entwécklungspolitik

D'EU definéiert nei Ziler fir d'Entwécklungspolitik. Lëtzebuerg war als eenzegt Land kritesch par rapport zu den neie Critèren. De Kampf géint d'Aarmut géif net méi am Fokus stoen, esou d'Kritik.

Carole Dieschbourg
Klimaschutz

US-Medien no huet den Donald Trump Wëlles sech aus dem Paräisser Klimaaccord zeréck ze zéien. Dat géing awer net heeschen, datt all déi aner Länner elo géinge gebremst ginn, seet d'Carole Dieschbourg.

Indien Verknaschtung
Kooperatioun

Déi staatlech Kooperatiounspolitik géif d'ONGen ënner Drock setzen, seet den Dietmar Mirkes. Verschidde Projete misste gestoppt ginn, bedauert de Mataarbechter vun "Action Solidarité Tiers Monde".

Programm

  • Virum Dag

  • On air

    Moies-Magazin

  • Noriichten

  • Den 100,7-Klassesall

  • Iwwer Mëtteg

Praktesch Infoen

Dossieren

  • Coronavirus

    Den neiaartege Coronavirus Sars-CoV-2 breet sech ëmmer méi aus. De Virus léist d'Krankheet COVID-19 aus. Wéi eng Mesurë gi geholl, a wéi een Impakt huet en op Lëtzebuerg?

  • Gratis ëffentlechen Transport

    Den ëffentlechen Transport zu Lëtzebuerg ass vum 29. Februar u gratis. Dat haten d'Majoritéitsparteien Enn 2018 esou decidéiert. An eisem Dossier fannt Dir all eis Artikelen zum Theema.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen