Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  Aoife Nessa Frances - Libra

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "Deem Jonken ënner d'Äerm gräifen"

Grondschoul a Secondaire

"Deem Jonken ënner d'Äerm gräifen"

An der Grondschoul soll de Stage fir nei Enseignanten am September op ee Joer reduzéiert ginn - dat hat den Educatiounsminister e Mëttwoch no enger Entrevue mat de Gewerkschafte proposéiert.

auto_stories

2 min

Foto: Bigstock / Wavebreak Media Ltd.

An der Grondschoul soll de Mémoire fir Stagiären ausserdeem ganz ofgeschaaft ginn, an et muss just nach een Exame gemaach ginn. Eng Ännerung, déi de Syndikat Erzéiung a Wëssenschaft vum OGBL, den SEW, begréisst.

De Leit am Stage hëllefen

No hirer Formatioun wier d'Léierpersonal an der Grondschoul prett, fir vum éischten Dag u Schoul ze halen. Dofir bräicht ee si och net nach weider ze préiwen, seet de Patrick Arendt vum SEW. De Stage am Fondamental sollt dofir do si fir hinnen ze hëllefen. Den Examen iwwer d'Legislatioun wier "legitim", well jiddwereen dee Schoul hält, misst och d'Gesetzer kennen.

Fir de Patrick Arendt ass et ganz wichteg, datt d'Begleetpersoun déi Jonk net soll bewäerten, "mee hei soll wierklech op Vertrauensbasis zesummegeschafft ginn, an deen erfuerenen Enseignant soll deem jonken ënner d'Äerm gräifen."

De Leit am aktuelle System d'Liewen net ze schwéier maachen

Deene Schoulmeeschteren, déi aktuell nach am ale System dra sinn, sollt een d'Liewen dann och net méi schwéier maache wéi néideg, fënnt de Patrick Arendt. Hie géif hoffen, datt déi Concernéiert mat der néideger Fairness behandelt ginn: Sief et bei de Coursen, déi si am zweete Joer nach misste fäerdeg maachen, oder bei hirem Memoire. Et sollt een hei mat "gesondem Mënscheverstand" kucken, datt de Schluss positiv gestalt gëtt. Fir hien ass mat dëser Mesure awer e wichtege Schrëtt gemaach fir der Penurie am Enseignement entgéintzewierken.

Am Secondaire soll de Stage iwwregens wéi am Rescht vum ëffentlechen Déngscht, op zwee Joer reduzéiert ginn. D'Stagiairë mussen hei och weiderhin e Mémoire schreiwen, dee soll awer am Volume reduzéiert ginn.


Detailer mam Paule Rodesch:

Lauschterenplay_arrow