Radioen

On air

Owesconcert  |  Side by Side

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Defie vun der Digitaliséierung

Chamberwahlen 2018

Defie vun der Digitaliséierung

D'Leit solle keng Angscht virun der Digitaliséierung hunn, mee sech dorop virbereeden, seet de Sven Clement vun der Piratepartei. Fir de Franz Fayot ass et wichteg, datt d'Gesellschaft jiddweree mathëlt.

auto_stories

3 min

De Franz Fayot (LSAP) an de Sven Clement (Piratepartei) stounge sech am Face-à-Face géigeniwwer.

Mat der Digitaliséierung gëtt d'Produktivitéit gesteigert, an et falen Aarbechtsplazen ewech, doriwwer ware sech de Sven Clement an de Franz Fayot eens. Dofir soll d'Aarbecht net méi un de Salaire gebonne sinn, esou de Sven Clement. De President vun der Piratepartei ass fir e Grondakommes fir jiddwereen.

D'LSAP ass géint e Grondakommes. D'Aarbecht soll och an Zukunft wichteg bleiwen als Deel vun der Dignitéit vum Mënsch, an d'Digitaliséierung soll besteiert ginn, esou am Face-à-Face de Franz Fayot. Fir déi gesamt Erausfuerderunge vun der Digitaliséierung ze begleeden, wëllt d'LSAP en Zukunftsministère schafen.

Prett fir d'Digitaliséierung

Vill Bierger géife sech wéinst der Digitaliséierung Suerge maachen. Et sollt een awer net mat Angscht erugoen, mee dat op sech zoukomme loossen, wéi all Ännerung, an "déi néideg Schrëtt huelen a seng eege Bildung a Fortbildung investéieren", seet de Sven Clement. Eleng kéint een deen Zuch net ophalen, mee et wier besser "op den Zuch dropzeklammen, wéi sech iwwerrennen ze loossen", esou de President vun der Piratepartei.

De Franz Fayot sengersäits seet, datt och wann d'Bierger sech weiderbilden, d'Politik dofir misst suergen, datt déi Bierger, déi net géife matkommen, "och déi sech nach kënnen zeréckfannen an enger analoger Welt". Déi Leit wéilt een net op der Streck loossen, an dofir misst d'Gesellschaft och jiddweree mathuelen.

Aarbecht- a Sozialrecht ofsécheren

Mee och d'Aarbecht- an d'Sozialrecht an enger digitaler Ekonomie beschäftegt déi zwee Politiker. De Franz Fayot gesäit hei Geforen, déi mam "Uber-Modell" zesummenhänken. Et misst een d'Leit hei schützen, an et dierft net sinn, datt Betriber falsch Independanten astellen, "déi op eng ganz flexibel Aart a Weis schaffen, mee déi duerno keng Ofsécherung hunn, déi keng Pensioun hunn", esou den LSAP-Deputéierten.

De Sven Clement huet domat geäntwert, datt hie selwer Independant wier, an datt et ganz vill Charge socialë géif ginn, déi een als Independant misst droen. "Dat heescht, och een, dee fir Uber fiert, wann en dat deklaréiert, ass sozial verséchert." Zu Lëtzebuerg hätt een e staarke Sozialstaat, an déi Angscht vun de "Clickworker" hätt een aus Amerika importéiert. "Fir eis ass et wichteg, datt déi selwecht Protektiounen och an Zukunft gëllen", esou de President vun der Piratepartei. All Independant misst ee Recht op Chômage, op d'Pensiounskeess, an e Recht op d'Aarbechtslosegeld hunn, wann en Echec géif kommen.

Sozialsystem och iwwer Produktivitéitsgewënner finanzéieren

Et géif en Trend ginn, datt Roboteren ëmmer méi agesat ginn, an datt Aarbecht verschwënnt, esou de Constat vum Franz Fayot. "Mir mussen doriwwer nodenken, ob mir net wëllen e bëssen ëmschichten", esou de Sozialist. Eng Iddi wier et, de Pensiounssystem net nëmmen iwwer Aarbechtsrevenuen ze finanzéieren, mee och iwwer déi Produktivitéitsgewënner, iwwer déi Revenuen, déi iwwer Robotere produzéiert ginn.

"Mir schwätzen och vun enger Finanztransaktiounssteier an eisem Programm, datt mir am Fong ewech komme vun engem Modell, wou eleng nëmmen de Facteur Aarbecht fir déi sozial Ofsécherung a fir d'Renten do ass", esou de Franz Fayot.

Robotersteier: Just e "schéine Label"

Fir de Sven Clement ass dat eng Fuerderung, déi ganz schéi géif kléngen, a fir d'Piratepartei wier dat e Schrëtt an déi Richtung, fir erëm méi Equiliber ze kréien an der Besteierung vu Personnes physiques, de Bierger, an den Entreprisen. "Och hei gëtt et en Equiliber, deen ëmmer méi auserneegaangen ass. Mir mussen doriwwer nodenken, fir d'Besteierung vun den Entreprisen ze reforméieren, fir se méi transparent a méi einfach ze gestalten."

Et wiere virun allem déi Kleng- a Mëttelbetriber, déi heefeg iwwerrascht géife ginn. Fir dat Robotersteier ze nenne wier just e "schéine Label", fir d'Piratepartei géif awer de klassesche Modell gëllen, dee ganz gutt funktionéiere géif, an ee sollt ee bäibehalen.